"Körper am Ende der Welt"Stéck iwwer d'Freed an d'Quälerei vum Spëtzesport am Neimënster

Sandy Elsen
D'Regisseurin Marion Rothhaar war an hire jonke Joren däitsch Meeschterin an der Rhythmescher Sportgymnastik.
"Körper am Ende der Welt"
Stéck iwwer d’Freed an d’Quälerei vum Spëtzesport am Neimënster

Si war 1988 fir d’Bundesrepublik Däitschland bei den Olympesche Spiller zu Seoul ugetrueden. Mat “Körper am Ende der Welt” huet si een Theaterstéck kreéiert, dat dovun erzielt wat et fir jonk Mënsche bedeit, dem System Spëtzesport ausgeliwwert ze sinn. Eng besonnesch Produktioun, déi 2024 Lëtzebuerg um Off-Festival zu Avignon vertriede wäert.

“Körper am Ende der Welt” ass an éischter Linn e Stéck iwwer de weibleche Kierper, seng Funktioun a seng Duerstellung an der rhythmescher Gymnastik. Et geet awer och ëm de Spëtzesport als Alldag, dee net just mat Freed, Succès a Luef verbonnen ass, ma och mat Quälerei, Verzicht a vill Drock. Eng Realitéit, déi der Ex-Sportgymnastin Marion Rothhaar als jonkt Meedchen sou net bewosst war.

D‘Stéck féiert dem Public awer och d‘Schéinheet vum Spëtzesport virun Aen. Virop mat der Performance vun der jonker ukrainescher Gymnastin Mariia Iezehemenska.

Zesumme mat der Auteurin Regina Dürig an der Regisseurin Elke Hartmann huet d‘Marion Rothhaar ee poeteschen an och duerchaus humoristesche Mix aus Theater a Performance kreéiert. D’Stéck baséiert op Anekdoten an Temoignage vu Spëtzesportlerinnen op Medieberichter an op literareschen Texter.

De 26. a 27. Oktober ass “Körper am Ende der Welt” am Neimënster ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO