
Mat am Gepäck hu si hiren neisten Album “Imploding The Mirage” vun 2020, deen an den Top 200 vun den US-Billboard-Charts bis op d’Plaz 6 gepackt hat. Am August eréischt huet d’Band ëm de Frontmann a Sänger Brandon Flowers, den Drummer Ronnie Vannucci, de Gittarist Dave Keuning an de Bassist Mark Stoermer, hir Geschicht a Form vun Dokumentatioun erausbruecht. Mat der Doku “Pressure Machine” hu si et dann och a Groussbritannien fir déi 7. Kéier op d'1 gepackt.
Dësen Open-Air-Concert Concert ass organiséiert vun der Rockhal an Zesummenaarbecht mat Esch2022, der Gemeng Esch, dem Fonds Belval, Agora a lokalen Autoritéiten.
D’Tickete ginn e Mëttwoch, 22. Dezember, an d’Vente op Rockhal.lu
