
An der Serie iwwer Serien diskutéieren den Dan Spogen an d’Shari Schenten dës Kéier iwwer den Iwwerraschungshit The Pitt (HBO Max).
“The Pitt” gouf vum Noah Wyle kreéiert a geschriwwen an hie spillt och d’Haaptroll vum Dr. Michael Robinavitch, genannt Robby, deen d’Urgence zu Pittsburgh leet a se “The Pitt” nennt. Wiem den Numm Noah Wyle net direkt eppes seet, deem hëlleft eventuell den Numm “Dr. Carter” aus der 90er-Jore-Serie Emergency Room. Mat “The Pitt” geet hie bei seng Originnen zréck.
D’Inspiratioun fir d’Serie war d’Covid-Kris, et wollt een en Hommage un d’Gesondheetsberuffer maachen, Probleemer vun der US-amerikanescher Gesellschaft, virun allem ënnert dem Donald Trump, opgräifen an d’wëssenschaftlech Fakten an den Zentrum stellen. Och d’Fragilitéit vum Gesondheetssystem oder d’Opioidkris ginn thematiséiert.
Interessant ass awer virun allem d’Konzept: All Staffel stellt eng Schicht an der Urgence duer, an all Episod ass eng Stonn. Doduerch kritt een en Echtzäitgefill, dat och duerch déi speziell Kameraféierung ervirgeruff gëtt.
Et huet een d’Impressioun, datt et eng Doku wier an datt een d’Doktere begleet. Déi Authentizitéit, d’Geschichten an d’Evenementer rappen ee mat.
Vill Spaass beim Kucken.