
Si liwweren all Joer e gudden Iwwerbléck, ween déi bescht Chancen huet en Oscar ze gewannen.
Als beschte Film gouf de Western “The power of the Dog “ ausgezeechent, fir deen d’Realisatrice Jane Campion och schonn e Golden Globe krut.
Fir déi bescht weiblech Haaptroll gouf d’Joanna Scanlan fir hir Roll am “After Love” priméiert, an de Will Smith krut e BAFTA fir seng Haaptroll am “King Richard”
D’Oscare ginn iwwregens an zwou Wochen verginn.