
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
D’Liesung vum Tom Hillenbrand, déi fir Enn Abrëll an der Cité Bibliothéik geplangt war, ass leider ofgesot. Den Auteur, dee jo hei zu Lëtzebuerg zemol duerch seng Xavier Kieffer-Krimien bekannt ass, huet sech awer eppes afale gelooss an huet seng Liesungen einfach an de Cyberspace verluecht!
En Dënschdeg den Owend um 19 Auer liest en aus sengem Science-Fiction Roman Hologrammatica, deen am Joer 2088 spillt. De Galahad Singh ass e Questor, eng Zort Privatdetektiv, deen eng vermësste Persoun siche soll. Just, an dëser Welt ass näischt esou, wéi et ausgesäit...
.
Iwwregens, ganz nei erauskomm ass den zweeten Deel vun dësem Roman mam Titel “Qube”.

De Mike Rosenberg, besser bekannt als Passenger, war schonn e puer Mol fir Concerten hei zu Lëtzebuerg an am Juli soll e beim Wëlzer Festival dobäi sinn.
Fir dass senge Fans d’Zäit an der Quarantän net ze laang gëtt, spillt en all Sonndegowend um 20 Auer eiser Zäit en Isolation Sunday Wonsch-Concert op sengem Youtube-Kanal.
Fir den nächste Sonndeg proposéiert hien ee ganzen Album, live an a voller Längt.
All d’Detailer ginn et op senger Facebooksäit oder op senger Homepage.
De Youtube-Kanal vum Passenger
Lëtzebuerger Contenue géint Corona-Flemm, dat proposéiert Lord.lu. Online kënnt Dir vun iwwer 1300 Bicher, Zeitungen, Filmer a Museksproduktioune vu Lëtzebuerger Kreative profitéieren.

Dir bestellt haut a gitt muer beliwwert, ouni Fraisen, direkt vum Editeur oder iwwert d’Online-Presenze vun de Librairien. An dobäi ënnerstëtzt Dir niewebäi och nach d’Lëtzebuerger Kulturzeen, déi et momentan och net einfach huet, fir iwwer d’Ronnen ze kommen.
Dir hutt tëscht 12 a 26 Joer, sëtzt an der Quarantaine a langweilt iech einfach…Meeeegaa?
Da gitt kreativ a schreift en Text fir de Prix Laurence!

D’Deadline fir de Schrëftstellerconcours fir jonk Talenter bis 26 Joer gouf nämlech op den 23. Abrëll verréckelt. Och wann de Beetebuerger LiteraTour-Festival aus de bekannte Grënn huet missten ofgesot, respektiv verréckelt ginn, freeë sech d’Organisateuren an de Jury ëmsou méi op Är Texter.
All Detailer fannt Dir op www.prixlaurence.lu