
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
All 3. Dag vum Mount invitéiert den Danzzenter Trois C-L zu Bouneweg op säin Evenement „Le 3 du TROIS“. Dës Soirée gëtt en Abléck an d’Aarbechte vu Lëtzebuerger an internationalen Dänzer, Performance-Kënschtler a Choreographen.
Am Kader vun der Spezialeditioun „Confinement“, also Ausgangsspär, kann een den 3. Abrëll op Facebook an um Site vum Trois C-L dräi Kreatiounen (rëm)entdecken, déi an deene leschte Jore besonnesch erausgestach haten.
Wärend 24 Stonnen, vum 3. Abrëll 19 Auer bis de 4. Abrëll 19 Auer, kann ee sech et doheem op der Couche gemittlech maachen a sech online „TOYS“ vum Léa Tirabasso, „Je suis assis avec une canette en étain à la main“ vum Bernard Baumgarten a ganz exklusiv déi lescht Kreatioun vum Simone Mousset „The Passion of Andrea 2“ ukucken.
Nieft de Video-Iwwerdroungen, kritt een och vun all Artist een Interview gebueden, an deenen si net just iwwer hir Aarbechte schwätzen, ma och doriwwer, wéi si dës speziell Zäit erliewen.
Och den Inecc wëll an dësen Zäiten säin Deel dozou bäidroen, fir d’Situatioun sou positiv wéi méiglech ze gestalten. Op Facebook verëffentlecht den „Institut européen de chant choral“ all Dag een Arrangement vu bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus der Serie „Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert“ als Sing-along-Video, mat Nouten an Text.

Eng ideal Geleeënheet also, fir mol de Sänger a sech erauszeloossen.
Den Ufank gouf iwwregens de 17. Mäerz mat „D’Lidd vum Théiwesbuer“ gemaach. Zënterhier sinn 8 verschidde Lidder drop vun de “Lëtzebuerger Spezialitéiten” bis bei d’Scoute-Lidd “Héich de Bockel voll Gepäck”.
Nach den 7. Mäerz hat am Mudam d’Ausstellung „D’après nature“ vum Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Marie Biwer Vernissage gefeiert, ma wéinst dem Coronavirus huet och de Mudam seng Dieren bis op Weideres missen zoumaachen.
Mat der Mudam Go!-Aktioun „Mol mir e Bam“ rifft de Kënschtler lo Kanner dozou op, sech mat der Natur ze beschäftegen a Beem ze molen. Der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat.

D’Team vum Mudam mécht aus deene bonte Kreatioune sougenannte GIF’s a verëffentlecht se um Mudam-Site, wéi och an de soziale Medien.