
Wéi säi Verlag “Penguin Random House” matdeelt, ass hien un engem natierlech Doud zu Santa Fe am Bundesstaat New Mexico gestuerwen.
De McCarthy huet als ee vun de gréissten US-Bestsellerauteure gegollt. Am Laf vu senger Karriär huet hie sëllege Präisser wéi de Pulitzer-Präis, den National Book Award an den National Book Critics Circle Award gewonnen.
Eng Partie vu senge Wierker goufe verfilmt, dorënner “No Country for Old Men”. De bluddegen Neo-Western aus dem Joer 2007 vun de Coen-Bridder mam Tommy Lee Jones, Javier Bardem a Josh Brolin an den Haaptrollen huet véier Oscare gewonnen.