RIPUS-Funkmuseker Ronald Bell gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den US-Museker a Matgrënner vun der weltwäit erfollegräicher Band "Kool and the Gang" ass dout.
© AFP

De Sänger a Komponist ass e Mëttwoch am Alter vun 68 Joer a sengem Haus op de Virgin Islands gestuerwen, sou de PR-Manager vun der Band, Angelo Ellerbee. Eng Doudesursaach huet hien net genannt.

Kool and the Gang hunn hire gréisste Succès an de 70er an 80er gefeiert. Zu hire Welthits hunn “Celebration”, “Jungle Boogie” a “Ladies Night” gehéiert.

De Bell, och bekannt ënnert sengem muslimeschen Numm Khalis Bayyan, hat d’Band mat sengem Brudder Robert a 5 Kolleegen uganks de 70er Jore gegrënnt. 1978 krute si e Grammy fir hire Bäitrag zur Musek am Disko-Film “Saturday Night Fever” zesumme mam John Travolta.

Back to Top
CIM LOGO