"Zurück in die Zukunft", "Denver-Clan" a "Bonanza"US-Schauspiller Matt Clark am Alter vun 89 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Joerzéngte stoung hien nieft Hollywoodlegende virun der Kamera. Elo ass den US-Acteur Matt Clark am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Seng Famill fënnt ergräifend Wieder.
Den US-Schauspiller Matt Clark war iwwer sechs Joerzéngten am Film-Business.
Den US-Schauspiller Matt Clark war iwwer sechs Joerzéngten am Film-Business.
© AFP

Méi wéi sechs Joerzéngte war den US-Schauspiller op de Leinwänn uechter d’Welt ze gesinn, huet a Western-Filmer nieft Hollywoodgréisste wéi dem Clint Eastwood an dem John Wayne gespillt, ass a Kultfilmer opgedaucht a war a sëllegen Tëleesserien ze gesinn. Elo ass de Matt Clark am Alter vun 89 Joer a sengem Haus zu Austin am US-Bundesstaat Texas gestuerwen. “Hien huet säin Haus mat eegenen Hänn gebaut”, huet seng Famill an enger Erklärung geschriwwen, déi ënnert anerem dem “Hollywood Reporter” virläit.

“Hien huet seng enkst Frëndschafte 60 Joer laang gefleegt. Hie war ëmmer do - fir d’Aarbecht a fir seng Leit. Hie war facettëräich. Hie war haart am Huelen. Hie konnt sec sinn. Mä säi moralesche Kompass huet ni geschwankt, an u senger Léift gouf et keen Zweiwel. Et konnt een et gesinn - a sengen Aen, a senge Performancen, an der Famill, déi hie sou gären zesummegehalen huet. Hie lieft. Hie lieft, fir ëmmer.”

Donieft huet seng Famill hien als en Acteur beschriwwen, dee säi Beruff gären hat, deem et awer net ëm Éier a Bekanntheet goung. Seng Karriär hätt hien als “Gléck” empfonnt. Engem breede Public dierft de Matt Clark virun allem als Barkeeper an “Zurück in die Zukunft: Teil III” an Erënnerung bliwwe sinn. Och an der Fernseeserie “Grace” hat hien eng fest Roll. Doriwwer eraus huet hien am Kultfilm “Buckaroo Banzai” matgespillt a war a Klassiker wéi “Bonanza” an “Der Denver-Clan” ze gesinn. An “Der Denver-Clan” huet hien d’Roll vum Frank Dean gespillt, war awer nëmmen an zwou Episoden ze gesinn.

Als Doudesursaach huet seng Fra Sharon Mays géigeniwwer dem Magazin “Variety” Komplikatiounen no enger Operatioun um Réck genannt. Seng Duechter Amiee Clark, selwer Produzentin, huet dem “Hollywood Reporter” confirméiert, datt hire Papp sech e puer Méint virdrun de Réck gebrach hat.

Back to Top
CIM LOGO