Lëtzebuerger FilmfestivalVéier russesch Filmer ginn aus dem Programm gestrach

Tom Dockal
En Donneschdeg geet de Luxembourg City Film Festival an déi nächst Ronn. Véier russesch Filmer sinn allerdéngs aus dem Programm gestrach ginn.

D’LuxFilmFest war 2020 dat éischt grousst kulturellt Evenement, wat mam Ufank vun der Pandemie matzendran ofgebrach ginn ass. Esouguer e puer Deeg virum landeswäite Lockdown. An no engem Hybrid-Festival dat lescht Joer woen d’Organisateuren dëst Joer nees e Festival “exklusiv” a Presenz.

Trotzdeem gëtt et och bei dëser Editioun vum LuxFilmFest kee “business as usual”. Als Reaktioun op déi russesch Invasioun an der Ukrain hunn d’Organisateure véier russesch Filmer aus dem Programm gestrach, dat an Ofsprooch mat der Regierung. De Film “Gerda” vun der russescher Realisatrice Natalya Kudryashova, déi a Kanada liewt, wäert net méi Deel vun der offizieller Selektioun sinn, Leit déi heivir schonn Tickete kaf hunn, wäerte rembourséiert ginn.

Niewt “Gerda” ginn och d’Kannerfilmer “La princesse aux Grandes Jambes” vun der Realisatrice Anastasia Zhakulina, “Blanket” vum Marina Moshkova an “Le Roi et La Poire” vum Nastia Voronina aus dem Programm geholll.

Och aner Filmfestivaller hunn änlech Schrëtt geholl, dorënner de Festival zu Cannes, Stockholm a Glasgow.

Presidéiert gëtt den internationale Jury vum LuxFilmFest dëst Joer vum palestinensesche Realisateur Elia Suleiman. De Festival geet vum 3. bis den 13. Mäerz uechter d’Stater Kinoen an doriwwer eraus iwwert d’Bün.

Back to Top
CIM LOGO