
D’Lëtzebuerger Schauspillerin an den däitsche Regisseur goufen e Sonndeg op der Reunioun vun der Akademie vun deenen anere Membere gewielt. D’Vicky Krieps trëtt d’Nofolleg vun der Alexandra Maria Lara un, déi net fir eng zweet Amtszäit als Presidentin kandidéiert huet.
Wéi et no hirer Wal vun der Vicky Krieps um Internetsite vu der Filmakademie geheescht huet, wier et hir eng grouss Freed an eng Éier, zesumme mam Florian Gallenberger als Presidentin vun der däitscher Filmakademie den däitsche Film ze representéieren.