10 Kënschtler, 10 Stied a vill fréier Eurovision-IkonenDen ESC geet op Live Tour duerch Europa

RTL Lëtzebuerg
Fir de 70. Anniversaire vum Eurovision Song Contest huet d'EBU sech eng nei Iddi iwwerluecht, fir nach méi Fans vum Concours d'Energie vum Event méi nozebréngen.
De Countdown bis den ESC 2026 am Kader vum 34. Silvesterlaf zu Wien um Rathausplatz den 1. Januar 2026.
De Countdown bis den ESC 2026 am Kader vum 34. Silvesterlaf zu Wien um Rathausplatz den 1. Januar 2026.
© MAX SLOVENCIK/APA-PictureDesk via AFP

D’Europäesch Rundfunkunioun EBU huet déi éischt Eurovision Song Contest Live Tour annoncéiert. Eng grouss nei Arena-Show am Kader vum 70. Anniversaire vum Concours. Vu Juni bis Juli 2026 kënnen d’Fans an zéng europäesche Groussstied d’Energie vum Event erliewen, och wa si net bei der ausverkaafter Finall zu Wien kënnen dobäi sinn.

Optriede wäerte fréier Museker aus de siwe leschte Joerzéngten ESC zesumme mat zéng Kënschtler, déi an déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2026 kommen. Bei all Concert wäerten de Spectateuren Eurovision-Hits, nei Performancen, Fan-Favourites an Iwwerraschungsoptrëtter gebuede ginn. De geneeë Lineup variéiert vu Stad zu Stad. Wie wësse wëll, wéi eng Kënschtler bei der Tour dobäi wäerte sinn, muss sech forcement nach bis no der grousser Finall de 16. Mee gedëllegen. Wéi eng Eurovision-Ikonen optriede wäerten, gëtt d’EBU awer schonn am Laf vun den nächste Woche bekannt. Eventuell huet dann och e Lëtzebuerger Kënschtler d’Chance a grousse Stadionen uechter Europa opzetrieden.

Richteg Eurovision-Fans kënne sech dann och scho bis den 1. Februar fir e spezielle Virverkaf vun den Tickete registréieren.

De Eurovision Song Contest geet op Live Tour duerch Europa

D’Lëscht mat den Datumen an de Stied:

Juni:

  • 15.6: London - O2 Arena
  • 17.6: Hamburg - Barclays Arena
  • 19.6: Mailand - Arena Milano
  • 20.6: Zürech - Hallenstadion
  • 22.6: Antwerpen - AFAS Dome
  • 23.6: Köln - Lanxess Arena
  • 25.6: Kopenhagen - Royal Arena
  • 27.6: Amsterdam - Ziggo Dome
  • 29.6: Paräis - Accord Arena

Juli:

  • 2.7: Stockholm - Avicii Arena

Back to Top
CIM LOGO