Et ass keng gewéinlech Chorale, déi een an der Maison 48 zu Stroossen héiert. All Samschde kommen hei ronn 14 Kanner zesummen. Vill vun hinnen hunn ukrainesch Originnen a fannen hei zréck zu hire Wuerzelen. Anerer verbënnt d’Leidenschaft fir d’Musek a si entdecken dobäi nei Kulturen.
Dat alles gouf vun der Olena Afanasyeva méiglech gemaach. Si huet d’ASBL viru bal 4 Joer gegrënnt, nodeems si aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm ass. Musek begeeschtert d’Olena zanter si 5 Joer al ass. An der Ukrain huet si Musek a Pädagogik studéiert. Haut wëll si hir Passioun fir Musek un déi nächst Generatioune weiderginn. Virum Krich ass d’Olena op grousse Bünen an der Ukrain opgetrueden. Si huet selwer komponéiert a war professionell Sängerin
“Mäi Liewe war erfëllt. Ech hu gesongen a gemaach, wat mir gefält. Ech gleewen, dass déi Ännerungen, déi agetruedene sinn, nämlech dass ech an de Luxembourg komm sinn – wichteg Roll a mengem Liewe wéi am Liewe vu ville gespillt hunn.”
Fir d’Olena ass Musek e Wee, de Kanner Halt ze ginn an enger schwéierer Zäit. Kommunikatioun ass dobäi zentral a fir si ass et wichteg, de Kanner e Raum ze ginn, wou se sech wuel fillen. Der Olena hir Wuerzele leien zwar an der Ukrain, mee haut ass Lëtzebuerg hir Heemecht. Deen Neiufank war am Ufank awer net einfach. An der Musek huet si d’Kraaft fonnt weider ze maachen.