
Problem Potsdamer Platz
Wa déi 73. Berlinale Ouverture feiert, da sinn et 20 Joer hier, dass d’Berlinale vum Kurfürstendamm op de Potsdamer Platz geplënnert ass, deen eigentlech den Hotspot vun der Kinokultur zu Berlin sollt ginn. Ausserhalb vun der Berlinale leeft allerdéngs net méi ganz vill a Saache Kino do a fir d’Berlinale ginn et och ëmmer méi Problemer. Zwar steet de Berlinale Palast nach ëmmer zolidd do (de Kontrakt leeft awer 2025 of, mat Optioun fir eng Reconductioun), mee de Multiplex “Cinestar” huet seng Dieren zougemaach, an deen anere Komplex “Cinemaxx” gëtt renovéiert, sou dass just d’Halschecht vu senge Säll disponibel sinn. Fir dat ze kompenséieren, ass zimmlech wäit ewech vum Potsdamer Platz de “Verti Music Hall” fir de Festival an e Kinossall mat 2.400 Plazen ëmgewandelt ginn. Domat breet de Festival sech nach méi iwwer ganz Berlin aus, wat den Avantage huet, dass ganz vill Berliner vum Festival profitéiere kënnen. Allerdéngs vermësst een ëmmer méi eng richteg Festival Atmosphär, wéi dat zu Venedeg oder Cannes de Fall ass. Do spillt zwar dat gutt Wierder am Mee oder August eng Roll, mä virun allem spillt sech do alles op enkem Raum of, um Lido oder op der Croisette mat de Kinossäll, Terrassen a Restauranten, wou richtegt Liewen ass.
Wat sech net zu Berlin geännert huet ass déi relativ kleng Zuel vu Staren oder grousse Nimm besonnesch am Wettbewerb, wat natierlech net onbedéngt eppes iwwer d’Qualitéit vun de Filmer ausseet. Trotzdeem, et gesäit esou aus, wéi wann déi grouss Realisateuren aus dem europäesche Kino, déi Filmer a Produktioun hunn oder déi esouguer fäerdeg sinn, wéi Pedro Almodovar, Nanni Moretti, Aki Kaurismäki, Steve McQueen, Abderrahmane Sissako, Ladj Li, Matteo Garrone, Radu Jude wuel decidéiert hunn, op Cannes oder Venedeg ze waarden.
Wéineg grouss Nimm an der Kompetitioun, ausser...
Déi eenzeg richteg grouss, international unerkannte Nimm, déi och engem e bësse méi breede Publikum dierfte bekannt sinn, sinn d’Margarethe von Trotta an d’Vickie Krieps an der Lëtzebuerger Koproduktioun vun ‘Amour fou’ INGEBORG BACHMANN-REISE IN DIE WÜSTE. Dat erkläert wuel deelweis, firwat d’Berlinale esou insistéiert huet, fir de Film a Weltpremière an a Kompetitioun ze weisen: well wéi d’Lëtzebuerger Produzenten Bady Minck an Alexander Dumreicher ons erkläert hunn, wollt d’Margarethe von Trotta eigentlech mam Film op Venedeg goen.
“An du koum d’Invitatioun, awer mat esou enger Power, datt si eis net méi a Rou gelooss hunn an, dass si den onfäerdege Film gekuckt hunn, a schonn esou begeeschtert waren. D’Berlinale huet einfach gesot, mir huelen de Film direkt an d’Kompetitioun a mir maachen alles fir de Film. A mir rullen de rouden Teppech fir d’Margerata von Trotta an d’Ekipp aus.”

Natierlech passt och e Film iwwert d’Relatioun tëschent dem Ingeborg Bachmann an dem Max Frisch, zwee vun de bedeitendsten däitschsproochegen zäitgenësseschen Auteuren, perfekt op Berlin.
“Et ass kee Biopic. Et ass eigentlech e Réckbléck vum Bachmann selwer, vun him ganz perséinlech gekuckt, op säi Liewen, op déi Joren. Et si 6 Joer aus sengem Liewen. Et ass kee Biopic, wou een esou vu bausse kuckt, eng Persoun moolt oder duerstellt. Mee nee, et ass vum Bachmann perséinlech, eng Intro-View, wann een dat esou ka soen.
Jo et ass dem Ingeborg Bachmann säi Point de vue, an dat ass och ganz wichteg. Also déi eng Geschicht ass déi mam Max Frisch, déi jo am Ufank eng riseg Libesgeschicht ass, eng ganz grouss Histoire d’amour. An da geet et méi an dat Toxescht, géif een haut soen. An der Zäit war dat net esou, mee haut kann een dat esou soen an de Film erzielt en parallel d’Relatioun vum Ingeborg Bachmann mam Adolf Opel, engem jonke Journalist a Schrëftsteller vu Wien, dowéinst heescht de Film dann och ‘Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste’, well den Adolf Opel hat him proposéiert, datt d’Ingeborg Bachmann mat him an de Sudan géing fueren.
Also d’Ingeborg Bachmann huet ëmmer gär mam Feier gespillt an et gëtt am Film och Sequenzen, wou hatt am Film mam Feier spillt. An d’Wüüst war fir hatt, fir sech erëm ze heelen, déi grouss Hëtzt an d’Feier war fir hatt esou e Prozess, fir sech ze befreien an ze heelen. Also esou kënnt dat am Film eriwwer, fannen ech”
Niewent dem Film vum Magarethe von Trotta, déi iwwregens hiren 81. Gebuertsdag wärend dem Festival feiert, sinn nach véier weider däitsch Wierker ënnert den 18 Kompetitiounsfilmer, wat der aussergewéinlech vill sinn. De Christian Petzhold (“Undine” Transit”), deen fir déi sechste Kéier mat derbäi ass, an och d’Emily Atef (“Plus que jamais” mam Vicky Krieps) sinn mëttlerweil “valeurs sûrs” vum däitsche Kino. All hir lescht Filmer sinn international vill zirkuléiert an och zu Lëtzebuerg am Kino erauskomm. Dat kann een net vun de bedeitend méi “confidentiellen” Christoph Hochhäusler an Angela Schanelec soen. Sinn déi fënnef däitsch Filmer all wierklech esou gutt, oder hat de Festival Schwieregkeeten Filmer an Exklusivitéit ze kréien, déi vun Topqualitéit sinn? Et wonnert een och e bëssen, dass de Film “Past Lives” vum Celine Song a d’Kompetitioun koum, nodeems dee schonn um renomméierten Sundance Filmfestival gewisen, a vun der internationaler Kritik excellent rezenséiert gouf. Loosse mer ons iwwerraschen, a kucke mer och wat de Jury seet, dee vun der US-Schauspillerin Kristen Stewart presidéiert gëtt, an an deem iwwert d’Halschecht Realisateuren/trice sinn, wéi de renomméierten Hong Kong Realisateur Johnnie To, oder d’Carla Simon, där hiren “Alcarras” fir de Moment bei eis am Kino leeft.

A soss nach
Et ass och dëst Joer fir d’éischt, dass e Jury déi 7 selektionéiert Serie bewäerte muss, déi aus Länner wéi Norwegen, Australien, China oder Indien kommen. Berlin war jo ënnert de grousse Film Festivaler Virreider. wat Presentatioun vun internationale Serien ubelaangt. Et dierft awer wuel net einfach sinn, eng Serie just op zwou oder dräi Episoden ze jugéieren?
D’Sektioun “Berlinale Special” schéngt dëst Joer nach méi wéi soss d’Plaz fir méi populär Filmer ze sinn, mat engem Dokumenter iwwert de Boris Becker, en Horrorfilm vum David Cronenberg sengem Bouf Brandon, dem Helen Mirren, déi d’Golda Meir interpretéiert an da gläich dräi Thrilleren, e koreaneschen, e japaneschen an en italieeneschen. Den Ouverture Film SHE CAME TO ME vum Rebecca Miller mam Peter Drinklage gehéiert och zu dëser Sektioun.
Fir grouss Opreegung, wéinstens fir een Dag, wäert de Steven Spielberg suergen, dee fir säi Gesamtwierk geéiert gëtt.
An zu gudder Lescht vergiesse mer net déi zwou aner Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi zu Berlin selektionéiert goufen. Allebéid sinn et Animatiounsfilmer: LA SIRENE vum Sepideh Farsi an der Sektioun “Panorama”, an A GREYHOUND OF A GIRL vum Enzo d’Alo an der Sektioun “Generation plus”. Iwwert déi dräi Lëtzebuerger Filmer schwätze mer da méi am Detail, wa mer se gesinn hunn, virausgesat et klappt mat den Ticketen, déi dëst Joer fir d’éischt exklusiv “online” verdeelt ginn. Wa vun den ronn 400.000 Zuschauer, déi virum Covid d’Berlinale besicht hunn, sech der all Dag muerges um 7 Auer Honnerten aloggen, fir sécher mat derbäi ze sinn, kéint emol d’Netz ufänken ze streiken, wéi dat och zu Cannes de Fall war, mat just der Halschecht vu Zuschauer.
