1969 gouf d’Kierch gebaut an am Juli 1971 vum Bëschof Jean Hengen geweit. Ronn 14 Millioune Frang huet et deemools kascht, fir den Terrain ze kafen an d’Kierch ze bauen. Dës Sue goufen deels duerch Spende vu Privatleit an deels duerch Betriber opbruecht.
Virun zwee Joer gouf déi lescht Mass am Metzerlach ofgehalen, éier se Enn 2020 entweit gouf. Am November d’lescht Joer huet de Kulturministère dunn decidéiert, d’Gebai als nationalen Denkmalschutz ze klasséieren. De Grond fir d’Klasséierung wier d’historesch, architektonesch an ästhetesch Bedeitung vun der Kierch gewiescht.
Grad ewéi schonn d’Bärbelekierch zu Lasauvage soll déi fréier Kierch an der Gemeng Suessem en Haus fir jidderee ginn. D’Gebai wäert also ënnert anerem fir Zeremonien, Expositiounen oder fir Evenementer am Kader vun Esch 2022 genotzt ginn.