Opnamen aus eisem ArchivWéi d'Brigitte Bardot zu Lëtzebuerg war

Jérôme Didelot
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Um Wee op d'Bahamas ass déi franséisch Ikon Brigitte Bardot an de 60er iwwer de Findel passéiert. E Stopp, deen net onbemierkt bliwwe war.
D'Brigitte Bardot an de 60er Joren um Findel

Een Dag nom Doud vun der ëmstriddener Ikon vum franséische Kino hunn eis Kolleege vun RTL Infos e Bléck an d’Archive geheit a sinn dobäi op Opnamen aus dem Oktober 1968 gestouss. Op den Archivbiller ass d’Brigitte Bardot um Fluchhafe Findel ze gesinn, déi vun enger Mass u Spectateuren empfaange gëtt. Deemools hat Air Bahama reegelméisseg Flich tëscht Lëtzebuerg an Nassau ugebuden. Déi franséisch Schauspillerin huet dee Vol reegelméisseg geholl.

Op den Opname léisst sech gutt erkennen, datt d’Popularitéit vun der Brigitte Bardot am Grand-Duché genee esou grouss war wéi déi aner Säit vun der Grenz.

D’Ikon vum franséische Kino ass e Sonndeg den 28. Dezember am Alter vun 91 Joer gestuerwen, laang nodeems si sech aus der Welt vum Kino zréckgezunn hat.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO