Mir werfen dofir nach eemol e Bléck zeréck op déi Filmer mat Lëtzebuerger Bedeelegung, déi am Kader vum gréisste Film-Festival vun der Welt gewise goufen. Dat waren der dräi un der Zuel, dorënner 2 Co-Produktioune vun der Produktiounsgesellschaft Bidibul an ee Film mat der Schauspillerin Vicky Krieps, déi onsem Filmexpert Joy Hoffmann en exklusiven Interview ginn huet.