
RTL an de Lëtzebuerger Filmfong hu matgedeelt, wéi eng Projeten ënnerstëtzt ginn am Kader vun den 3 Appeller, déi Enn vum leschte Joer fir den Developpement vun TV-Konzepter a Formater gemaach goufen.
Mat där Initiativ soll och d’Zesummenaarbecht tëscht dem Lëtzebuerger Filmfong an RTL verstäerkt ginn a virun allem d’Entwécklung vu Serien encouragéiert ginn, déi op RTL Télé Lëtzebuerg sollen diffuséiert ginn.
Vun 31 Projeten, déi agereecht goufen, kréie 5 Projeten eng Hëllef fir den Developpement.
Hei ass d’Lëscht vun de Projeten, déi selektionéiert goufen an déi mat jeeweils 40.000 Euro ënnerstëtzt ginn: