Kultur Last MinuteZeltik, Medea, Nuit de la Culture

RTL Lëtzebuerg
E puer kulturell Rendez-vouse fir déi nächst Deeg: Nuit de la Culture zu Esch, Zeltik zu Diddeleng an Medea am Groussen Theater.

Nuit de la culture Esch 2022 - Episod 1 - 11. & 12.3.

Esch invitéiert dëse Weekend op d’Nuit de la Culture, mee dës Kéier op eng besonnesch Aart a Weis. Dës Kéier gëtt et nämlech net nëmmen eng, mee ganzer 5 där Nuiten iwwer d’Joer verdeelt.

Dëse Weekend ginn d’Nuechten an d’Startlächer a fänke mat engem spezielle Motto un.

11032022 Loic Clairet CUT2

Le programme du weekend est simple: C’est un weekend sauvage! Sauvage, parce qu’on est dans un territoire paysagé de la ville. Comme dans toutes villes, on a construit, on développe, etc. donc les habitants avaient envie de montrer qu’il y a encore de la nature dans ce secteur et que la nature pouvait aussi reprendre ces droits. Déjà, en se rendre au Parc du Clair-Chêne, c’était un peu le lieu coeur du projet, qui va vraiment être l’antre des bêtes.

© Nuit de la Culture

An dësem méi natierleche Kader kënnt dir Spektakele wéi Concerten, Cabaret oder eng Silent Disco genéissen an niewebäi Brunchen oder Expoe besichen.

Iwwer d’Joer verdeelt, ginn et dann nach ganz aner Mottoen, wéi d’poetesch Opfaassung vu Brutalitéit oder sportlech Aktivitéiten.

nuitdelaculture.lu

25 Joer Zeltik Diddeleng Episod 1 - 11 & 12.3.2022

Fir déi 25. Kéier schonn invitéiert d’Gemeng Diddeleng op de Zeltik. Dat muss gefeiert ginn an deemno ginn et direkt zwee Weekender, op deenen d’keltesch Musek am Fokus steet.

08/03/2022 Zeltik 2022 Interview mam John Rech

Den 11.3. ass de Prélude an der Kierch zu Diddeleng an den 12.3. ginn et vun 18 Auer un am Centre Culturel Op der Schmelz Optrëtter vum iresche Singer-Songwriter Shane O’Fearghail, dem Trio “The Paperboys”, Danz mat den “Danceperados of Ireland” an d’iresch Kultband “Kila”.

Den zweete Rendez-vous mam Zeltik ass dann am Summer den 19. Juni.

Tickets iwwer zeltik.lu

“Medea” am Groussen Theater - bis den 22. Mäerz

De Lëtzebuerger Auteur a Regisseur Rafael David Kohn huet dem Euripides seng 2500 Joer al Tragedie fir de groussen Theater an englescher Sprooch adaptéiert. Am Mëttelpunkt steet d’Figur vun der Medea, déi der griichescher Mythologie no aus Revanche géint hire Mann, dee se verléisst, e puer Mënschen ermuert, dorënner hir eege Kanner.

Euripides’ 2.500-year-old tragedy of how a mother can cold-bloodedly murder her children is just as shocking today as it must have been to ancient Athens. The fact that her husband Jason abandoned her with two sons in a foreign land complicates the case against Medea and her plot to poison his new bride blurs the moral certainties even more.

Medea am Groussen TheaterAn den Haaptrolle spille Brigitte Urhausen an Nicholas Monu, a weidere Rollen Whitney Fortmueller, Philipp Alfons Heitmann, Julie Kieffer, Hana Sofia Lopes, Konstantin Rommelfangen, Elena Spautz a Charlotte Woolfe.

© Bohumil Kostohryz

Back to Top
CIM LOGO