De Bunny Wailer ass doutZesumme mam Bob Marley hat hien de Reggae berüümt gemaach

RTL Lëtzebuerg
Ee vun de berüümtste jamaikanesche Reggae-Museker ass dout. De Bunny Wailer ass en Dënschdeg am Alter vun 73 Joer gestuerwen.
© BunnyWailer-Istandpredominate.jpg by Wikipedia / Peter Verwimp

De Sänger, Songwriter a Perkussionist mam gebiertegen Numm Neville O’Riley Livingston ass an engem jamaikanesche Spidol zu Kingston verscheet, wéi de Kulturministère vum Karibikstaat matgedeelt huet. Eng Doudesursaach gouf net genannt. Medieberichter no hat de Museker an de leschten 3 Joer 2 Hiereschlage gemaach.

An de 60er Joren hat de Bunny Wailer zesumme mat der Reggae-Legend Bob Marley a mam Peter Tosh d’Grupp “The Wailers” gegrënnt. Dës gouf a “Bob Marley and the Wailers” ëmbenannt, nodeems hien d’Band 1974 mam Peter Tosh verlooss huet. De Marley an de Livingston hate sech schonn als Kanner kennegeléiert a goufen Hallefbridder. Dem Bob Marley seng Mamm an de Papp vum Neville O’Riley Livingston haten zesummen eng Duechter.

Back to Top
CIM LOGO