
De méi wéi 300 Joer ale Manuskript wier am Abrëll d’lescht Joer vun engem Antiquaire vu Pforzheim fir eng Mindestoffer vun 12.000 Euro op enger Stee ugebuede ginn. Dat deelen d’"Landeskriminalamt” zu Stuttgart an de Parquet zu Karlsruhe mat. E bësse méi spéit hätt sech de Parquet vu Roum bei hinne gemellt.
Well de Verdacht besteet, datt d’Schrëft am Joer 2007 aus enger Bibliothéik zu Roum geklaut gouf, huet den italieenesche Parquet mat engem Europäeschen Ermëttlungsuerder d’Saisie vum Dokument gefrot. Duerch de Verdacht op Bedruch an dem Verstouss géint d’Kulturschutzgesetz hätten de Parquet an d’Police ermëttelt an d’Wierk wier saiséiert ginn. D’Enquêten hätten iwwerdeem erginn, datt de Manuskript vu Roum iwwert e Floumaart zu Paräis an dann iwwer Karlsruhe a Pforzheim komm wier. Duerch de Stempel konnt een d’Dokument definitiv als dat geklaute Wierk aus der Bibliothéik zu Roum identifizéiere loossen.
Beamten hätten de Manuskript op Berlin bruecht, wou d’Kulturstaatsministesch en e Freideg mat véier aner illegal gehandelte Konschtwierker dem italieeneschen Ambassadeur ginn huet. “Den illegalen Handel mat Kulturgidder ass e globale Problem”, huet d’Ministesch erkläert. Et misst een dofir entschloss op allen Niveauen dogéint virgoen.
Ënnert de Konschtwierker war engem Schreiwes no och eng Pergamentminiatur vum Ludovico da Romagnano aus dem 16. Joerhonnert dobäi, déi viru méi wéi 30 Joer aus dem Archiv vun der Kurie zu Turin geklaut gi war.
Den Nostradamus, deem säin eigentlechen Numm Michel de Nostredame war, huet am 16. Joerhonnert a Frankräich gelieft a mat senge Wierker verschidde Prophezeiunge gemaach. A Baden-Württemberg sinn d’Enquêtë géint den Antiquaire nach net ofgeschloss, huet d’"Landeskriminalamt” matgedeelt.