Zu ParäisZwee bis ewell net ausgestallte Wierker vum Monet gi versteet

AFP, iwwersat vun RTL
Sarah Cames
Zwee bis ewell nach ni gewise Wierker vum franséischen Impressionist Claude Monet ginn am Oktober versteet. Eent dovunner dréit den Titel "Iris".
D'Wierk "Iris" war nach ni virdrun an der Ëffentlechkeet ze gesinn.
© LOU BENOIST/AFP

Dat spéit Wierk vum Meeschter gëtt op 22 bis 30 Milliounen Euro geschat, huet d'Auktiounshaus Sotheby's en Donneschdeg matgedeelt. Dat wier déi héchsten Estimatioun, déi jee ee Bild erreecht huet, dat a Frankräich versteet soll ginn.

Insgesamt gi bei der Stee den 22. Oktober 28 Wierker aus der Sammlung vun der Famill Schlumberger ugebueden, dorënner der och e puer vum Paul Cézanne. D'Bild "Iris" vum Monet hat d'Konschtsammlerin Jeanne Schlumberger deemno iwwert eng Galeristin direkt vum Monet kaaft, deen et zu Giverny gemoolt hat. Et war zanterdeem an der Residenz vun der Famill zu Paräis bliwwen a gouf ni ëffentlech gewisen.

D'Bild wier ganz gutt erhalen an hätt keng Schutzlack-Schicht, huet d'Konschthistorikerin Marianne Mathieu bei der Presentatioun vun de Wierker erkläert. Dat zweet Wierk vum Monet, dat bis ewell nach net ausgestallt gouf, weist eng Trauerweid a sengem Gaart zu Giverny. Et gëtt op 9 bis 12 Millioune geschat. D'Sammlung soll virun der Stee nach zu Hong Kong an New York ausgestallt ginn.

Zwee bis ewell net ausgestallte Wierker vum Monet gi versteet
Zwee bis ewell nach ni gewise Wierker vum franséischen Impressionist Claude Monet ginn am Oktober versteet. Eent dovunner dréit den Titel "Iris".

Back to Top
CIM LOGO