
Nom Doud vum däitschen Acteur Udo Kier dës Woch diffuséiere mir e Samschdeg den Owend och zwou Lëtzebuerger Produktiounen op RTL Télé Lëtzebuerg, an deenen hien nieft anere Lëtzebuerger Acteure matgespillt huet.
Béid Filmer sinn zanter e Freideg schonn disponibel op RTL Play an dat fir 10 Deeg.
Three Shake a Leg Steps to Heaven vum Andy Bausch
Sprooch: Däitsch
Dauer: 87 Minutten
Produktioun: Samsa Film
Acteur: Udo Kier, Désirée Nosbusch, Thierry van Werveke, Richy Müller, Jochen Senf, Josianne Peiffer, Jaoued Deggouj, Christian Kmiotek, Kenny Seymour, Serge Wolf , Eddie Constantine
Joer: 1993
Genre: Krimikomödie
Ëm wat geet et: Den drëttklassegen Elvis-Imitateur Joe (Udo Kier) an e russeschen Danz-Enseignant Mischa (Thierry van Werveke) retten e Banquier virun der Mafia, vun där en ëmbruecht sollt ginn. Si doe sech zesumme mam Callgirl Fanny (Désirée Nosbusch), dat sech gutt an Astrologie auskennt...
Skin Walker vum Christian Neuman
Sprooch: Englesch
Dauer: 95 Minutten
Produktioun: Calach Films, Caviar Films
Acteur: Udo Kier, Sophie Mousel, Luc Feit, Amber Anderson, Jefferson Hall, Luc Schiltz, Marja-Leena Junker, Nicolas Godard, Sarah Lamesch
Joer: 2020
Genre: Psychological Thriller
Ëm wat geet et: D’Regine, eng jonk Fra, déi mat hirem Frënd Jacob zesummen an der Stad lieft, kritt Besuch vum Robert, deen hir erzielt, datt hir Famill si d’ganz Zäit belunn hätt: Hiren Hallefbrudder Isaac, de Jong vun der Regine hirer Mamm a vum Robert, wier net bei der Gebuert gestuerwen, mee géif liewen, an hätt ewell d’Groussmamm ëmbruecht.
D’Regine, dat traumatesch Kandheetserënnerungen ëm d’Gebuert vum Isaac sou gutt wéi méiglech verdrängt hat, decidéiert, zeréck op d’Land an d’Familljenhaus ze fueren, fir där Saach op de Fong ze goen...