
Déi franco-däitsch-iranesch Realisatrice d’Emily Atef hat hir zwee lescht Kinosfilmer (“3 Jours à Quiberon” a “Plus que Jamais”, mam Vicky Krieps) a Frankräich gedréint. Béid Filmer ware subtil, nuancéiert an och dramatesch staark a gestraffte Filmer. Mat hirem neie Film “Irgendwann werden wir uns alles erzählen”, dee se mat der däitscher Autorin vun der Buchvirlag Daniela Krien zesumme geschriwwen huet, iwwerhëlt se zugläich och d’Schwächte vun engem Däitsche Kino, deen, contrairement zum Franséischen, oft éischter schwéierfälleg an demonstrativ ass.

Am Summer 1990, also tëschent dem Fall vun der Mauer an der Wiedervereinigung, lieft dat jonkt Maria zesumme mat sengem Frënd Johannes op engem Bauerenhaff an Thüringen. De Johannes bereet sech op e Fotographie-Studium vir a gleeft mat engem jugendlech naiven Enthusiasmus un eng stralend Zukunft. Um Haff niewendrun wunnt - ganz eleng - den Henner, e 40 Joer alen, graffen a vergrämte Bauer, eng gebrache Figur, déi vun enger schwiereger Vergaangenheet gezeechent ass. Zu him fillt d’Marie sech onwidderstéilech sexuell higezunn. Et ass d’Decisioun vun enger fräier Fra, déi Pleséier fënnt, besonnesch un haardem, brutale Sex.
De rustikalen Henner, dee Georg Trakl liest an zitéiert, an den éischter “doofen” Johannes sinn allerdéngs keng richteg glafwierdeg Personnagen, duerch déi eng richteg dramatesch Spannung an Intensitéit opkéintkommen, an dëser dach un a fir sech klassescher Dräiecksgeschicht. Fir de Spectateur reduzéiert d’Geschicht sech no an no ëmmer méi op déi bëlleg Fro, wéini dann déi ganz Saach endlech opflitt, an dat dauert a kritt keen Enn. D’Ambitioune vum Film dierften awer wuel doriwwer erausgaange sinn.
Dozou vermëttelen déi ästhetesch ausgeliichten Interieuren an déi schéin Naturbiller eng idyllesch Heimatfilm-Atmosphär, déi net richteg zum zentralen Thema passt. An och de geschichtleche Kontext, déi nei Fräiheet, d’Reesen, Vereenegung vun de Famillen an de Genoss vu neie Konsumgidder, gekoppelt mat der Suerg virum Opbroch an eng nei an ongewëss Zukunft, ass méi e konzeptuelle Fuedem, deen de Film duerchzitt, wéi dass en eng richteg Roll an der Handlung spillt.
Dës villäicht (ze) haart Kritik, kënnt virun allen aus enger Enttäuschung eraus par Rapport zum Emily Atef hire viregte Filmer. Mä wat solle mer dann iwwer de Film vum Margarethe von Trotta “Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste” ze soen, bei deem all des Mängel nach vill méi krass sinn.

Déi total verkorksten an toxesch Libesgeschicht tëschent den zwee grousse Schrëftsteller Max Frisch an Ingeborg Bachmann, aus där d’Bachmann total zerstéiert erauskoum, kënnt ni zum droe weder dramatesch nach emotional, well alles a meeschtens stateschen Zeenen duerch Wierder ganz erklärend vermëttelt gëtt. An dass d’Ingeborg Bachmann trotzdeem sollt staark an dee monolithesch wierkende Max Frisch (gespillt vum Ronald Zehrfeld) verléift gewiescht sinn, ass nëmme schwéier no ze vollzéien. Just d’Vicky Krieps bréngt et fäerdeg, iwwert Wieder a Explikatiounen eraus eppes vu sengem torturéierten an ënnerlech zerrassene Personnage duerch säi Spill ze vermëttelen, an dat soen ech ouni de geréngste Chauvinismus.

Och een, deen d’Biographië vun den zwee Schrëftsteller net kennt, versteet ganz schnell, duerch déi net chronologesch Erzielweis, wat passéiert, an dann huet ee gutt Zäit, déi wonnerbar Kollektioun u Kleeder aus de 60er Joren ze bewonneren, déi d’Uli Simon fir Vicky Krieps erausgesicht huet, oder déi schéi beliichten Interieuren, déi zum Deel an de Studioen zu Kielen gedréint goufen; iwwert déi exotesch kitscheg Duerstellung vum Orient, kann ee nëmmen de Kapp ze rëselen. Biller sollen iwwert hir reng Ästhetik eraus och nach soss eppes aussoen. Nach vill méi wéi beim Emily Atef, sinn des Dekore Gëft fir d’Glafwierdegkeet vun enger tragescher Geschicht, déi leider net iwwert en almoudesche Biopic erauskënnt - mat engem laangen erklärenden Titel.
Berlinale 2023 - 1. Blog
Berlinale 2023 - 2. Blog
Berlinale 2023 - 3. Blog