Dës Woch am Passepartout huele mir iech mat an déi nei Expo vum Monique Becker, mir waren am Nationalmusée an der Ausstellung “Vu Lilien a Linnen”. An der Rubrik “Presto” gi mer der Fro op de Gronn, firwat “Der Schrei” vum Edvard Munch zu deene berüümtste Wierker aus der Konschtgeschicht gehéiert. Dir gitt gewuer, wisou d’Philharmonie muss ausbauen a mir weisen Iech Wierker vum bis viru kuerzem wuel berüümtsten Inkognito-Kënschtler Banksy.
“Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!