Podpurri - Mir schwätze KulturD'Kënschtlerin Anne Mélan

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zanter 10 Joer schafft si als fräischaffend Kënschtlerin, Illustratrice a Graphikerin. Vu Portraiten iwwer Landschaften bis zu surrealistesche Moolereien - hir Sujeten si genee sou variéiert wéi d’Techniken déi si benotzt.

D’Anne Mélan huet d’Claudia Kollwelter an hiren Atelier an den 1535 zu Déifferdeng invitéiert. D’Kënschtlerin huet iwwert aktuell Projete geschwat, d’Virléift fir Almoudesches, d’Erausfuerderungen als Independant an hiren treie Begleeder op véier Patten.

D’Illustratrice a Graphikerin huet an hirem Atelier iwwert aktuell Projete geschwat, d’Virléift fir Almoudesches an hiren tréie Begleeder op 4 Patten.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur

Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri- Episod 2 “Carole Lorang”Podpurri- Episod 1 “Chaild”

RTL Podcasts abonnéieren
Internetsite vum Anne Mélan
1535 zu Déifferdeng

Back to Top
CIM LOGO