
Dës Woch si mer an der Mezzanine vum Groussen Theater ëmfaange gi vun der Schauspillerin, Realisatrice an Autorin Gintare Parulyte, déi grad do als Regisseurin mat dem Ensemble fir d’Stéck “Wie ein König” vum Guy Helminger prouft.
Si huet dem Christiane Kremer iwwert hiert Gebuertsland Litauen geschwat, hiren Numm, hir nei entdeckten Heemecht Lëtzebuerg, iwwer d’Sich no der Identitéit an natierlech iwwer Schauspillerei, Theater, Film, Schreiwen an de Goût vun de Banannen.
D’Schauspillerin, Realisatrice an Autorin schwätzt iwwer Litauen, Lëtzebuerg, d’Sich no der Identitéit, Theater, Film an de Goût vun de Banannen.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri- Episod 2 “Carole Lorang”Podpurri- Episod 1 “Chaild”