Podpurri - Mir schwätze KulturDen Direkter vun der Kulturfabrik René Penning

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zanter dem 1. Mee ass hien de neien Direkter vun der Escher Kulturfabrik. Hien schafft awer schonn iwwer 20 Joer am fréiere Schluechthaus a stoung och scho selwer do op der Bühn.

Et verwonnert dofir och net datt de René Penning d’Claudia Kollwelter genee dohin invitéiert huet. Am Häerzstéck vun der Kulturfabrik huet hien iwwert seng Zäit als Bassist vun enger Punk-Band, d’Passioun fir d’persesch Kichen, Sport, Politik, an natierlech och d’Vergaangenheet an d’Zukunft vum Centre culturel zu Esch geschwat.

Den neien Direkter vun der Kulturfabrik huet iwwert Punk, Sport, Politik, d’Passioun fir d’persesch Kichen an d’Zukunft vun der Kufa geschwat.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur

Podpurri - Episod 5 “Nickel Bösenberg”Podpurri - Episod 4 “Anne Mélan”Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri - Episod 2 “Carole Lorang”

Podpurri - Episod 1 “CHAiLD”

RTL Podcasts abonnéieren
Kulturfabrik

Back to Top
CIM LOGO