Et gëtt vill nei Froen an der App. Esou interesséiere sech zwee Froebéi fir d'Variatioun a fir d'Preferenzen am Lëtzebuergeschen.

Dobäi geet et zum engen ëm d'Dialekter am Lëtzebuergeschen, déi ee kennt oder schwätzt, an zum aneren ëm d'Fro, ob engem an de Sätz "Kanns du de Fënster w.e.g. zoumaachen" oder "Wat huet dee Klengen elo schonn erëm fir eng Sauerei gemaacht!" eppes opfält ... Dat si just zwee Beispiller aus dem ganze Froekatalog.

D'Äntwerte ginn duerno ausgewäert vum Nathalie Entringer, déi grad un hirer Dissertatioun schafft.

Ze fanne sinn d'Froebéi ganz einfach am Menü vun der Schnëssen-App, en Icon direkt op der éischter Säit féiert dohin. Fir deen iwwer d'Variatioun brauch ee ronn 10 Minutten, fir deen iwwer d'Preferenze ronn 15.

Dat gëtt et nach eng zweet Neiegkeet an der App: D'Items an d'Aufgaben aus der 1. Ronn vun der Schnëssen-App goufen nees aktivéiert, dat heescht, d'Participanten aus der 2. Ronn kënne vun elo un also nach méi eraschwätzen.

Wéi dat geet: Op der Startsäit einfach de grénge Button 'Nach weider Opnamen ze maachen' drécken.