De Sänger a Keyboard-Spiller vun der progressiver Rockband Supertramp ass dout.

Wéi international Medien, dorënner de renomméierten amerikanesche Musek-Magazinn Rolling Stone mellen, ass hien e Samschdeg mat 81 Joer a sengem Haus zu Long Island am US-Bundesstaat New York gestuerwen.

D'Band selwer hat den Doud vum Davies an engem kuerze Statement ëffentlech gemaach. Wéi et an dësem heescht, wieren déi aner Bandmemberen traureg, dass si den Doud vun hirem Grënner annoncéiere missten. Hie wier no enger laanger Krankheet gestuerwen. Et wier e Privileeg gewiescht, 50 Joer mam Rick Davies zesummen dierfen ze schaffen.

Eng offiziell Doudesursaach ass net gewosst. Et war awer bekannt, dass den Davies zanter méi ewéi zéng Joer géint Bluttkriibs gekämpft huet.

De Rick Davies hat Supertramp am Joer 1969 zesumme mam Roger Hodgson gegrënnt.