
An der Géigend vu Bautzen an Ostdäitschland huet e Mann säin Hond bei der Police als vermësst gemellt. Just bëssi méi spéit konnt de Labrador mam Numm Luna an engem Zuch fonnt ginn. De blanne Passagéier a säi Meeschter ware kuerz drop erëm vereent. Well d’Polizisten en Häerz fir Hënn hunn, musst d’Luna nodréiglech mol keen Ticket bezuelen.