Rheinland-PfalzLama flücht aus Zirkus a spadséiert duerch d'Stroosse vu Kirchheimbolanden

RTL Lëtzebuerg
E Lama huet am rheinland-pfälzesche Kirchheimbolanden nawell fir e bëssen Opreegung gesuergt.
© AFP

D’Déier war aus engem Zirkus fortgelaf an ass op Wanderschaft gaangen. Direkt e puer Automobilisten hunn dowéinst en Dënschdeg am fréie Moien d’Police alarméiert.

Mat Hëllef vum Besëtzer konnt d’Lama zesumme mat e puer Beamten nees agefaange ginn an et koum nees zeréck a seng Perch.

D’Déier ass wärend senger Aventure net blesséiert ginn an och d’Automobilisten oder den Trafic waren impaktéiert.

Back to Top
CIM LOGO