Besser Ambiance ënnert Ruddelen"Léift-Hormon" mécht Léiwen zu duusse Kazen

RTL Lëtzebuerg
Léiwen kënnen hir Besoine relativ rabiat verdeedegen. Eppes ënnerscheet si awer vun anere Grousskazen: Si si Ruddeldéieren. Lo gi si mat Hormoner gezäämt.

Den Traitement mam “Léift-Hormon” Oxytocin mécht Léiwen enger Etüd no vill méi duuss. D’Etüd, déi an der Fachzeitung “iScience” publizéiert gouf, beseet, datt sech Léiwen, déi mam Hormon behandelt goufen, vill méi frëndlech géigeniwwer vun Aartekomerode verhalen. Donieft bierele si Friemer net méi sou staark un. D’Fuerscher haten den Déieren dofir iwwer Joren d’Hormon an d’Nues gesprayt.

“Ech hat Léiwen schonn ëmmer gär”, sot d’Neurowëssenschaftlerin a Schrëftstellerin Jessica Burkhart. Si huet d’Etüd lancéiert, well si et leet war, d’Gehierer vun den Déieren am Labo z’analyséieren. Si wollt d’Grousskazen am wierkleche Liewe studéieren. Anescht wéi aner Grousskaze wéi Geparden oder Leoparde si Léiwen Ruddeldéieren. Souguer jonk Männercher bilden no der Trennung vun hirem Mammeruddel nei Communautéite mat anere jonke Männercher. Dat mécht si der Fuerscherin no interessant fir Etüde mam Bindungshormon Oxytocin.

D’Fuerscher haten an engem Wëldreservat a Südafrika d’Déiere mat der Hëllef vu réiem Fleesch ugelackelt an hinnen da mam Apparat, dee wéi e Parfum ausgesäit, d’Hormon op d’Nues gesprayt. Sou soll et direkt an d’Gehier goen. Schlussendlech goufen déi 23 traitéiert Déieren däitlech méi duuss géigeniwwer anere Léiwen an hirem Revéier. Gemooss gouf dat, andeems d’Fuerscher nogekuckt hunn, wéi no d’Léiwen Aartgenossen un hir “Liblings-Spillsaachen” erugelooss hunn.

A Kontrollgruppe goufen Déieren entweder mat Kachsalzléisung oder guer net besprayt. Gouf hinnen d’Brëlle vun Onbekannter virgespillt, hunn déi net-traitéiert Déieren direkt zréckgebierelt - am Géigesaz zu den Oxytocin-Léiwen. D’Fuerscher hoffen, datt d’Resultater vun der Etüd ënnert anerem hëllef kéinten, gerett Léiwen an Opfangstatioune besser z’integréieren. An Afrika mussen Naturschützer donieft friem Ruddelen a Reservater zesummespären, ëm déi en Zonk ass, fir datt si net a Stied kommen. Och hei kéint den Hormontraitement fir manner Konflikter suergen.

D’Fuerscherin huet allerdéngs net ausgeschloss, dass “korrupt Mënschen” d’Resultater mëssbrauche kéinten, fir Léiwen an “Streichel-Zooen” ze halen. Si hofft awer, dass hir Erkenntnisser am Ganzen “méi hëllefe wéi schueden”.

D’Hormon Oxytocin kënnt och vun Natur aus bei Mënsche vir. D’Hormon gëtt ënnert anerem ausgeschott, wa Mammen hirem Neigebuerenen an d’Ae kucken. Doduerch gi Gefiller vu Wuelbefannen a Gléck ausgeléist. Änlech Wierkunge sinn och tëscht Hënn an hire mënschleche Besëtzer nogewise ginn. Am Géigendeel zu Léiwe suergt Oxytocin bei Mënschen allerdéngs fir méi Mësstraue géigeniwwer Friemer.

Back to Top
CIM LOGO