
An der iranescher Stad Arak, ronn 280 Kilometer südwestlech vun Teheran, ass et zu engem grave Virfall komm: Eng Léiwin an en Aartekomerod war d’Flucht aus engem Déierepark gelongen.
Dem Zoo no soll et dem weibleche Déier gelonge sinn, d’Dier vum Käfeg opzemaachen a mat hirem Partner ze flüchten. Wéi déi staatlech Noriichtenagence Irna schreift, wier dee Moment en Déierefleeger dobäi gewiescht, Fleesch duerch eng Luck ze drécken, wouropshin d’Léiwin hien ugegraff an ëmbruecht huet.
Dem iranesche Staatssender Irib no hätt Sécherheetspersonal doropshin d’Kontroll iwwert den Zoo iwwerholl. De Gouverneur vun der Provënz Markasi huet erkläert, datt d’Juegd nom flüchtegen Duo e Succès gewiescht wier. Deemno hu lokal Medien e Méindeg matgedeelt, datt béid Déieren agefaange wieren. D’Sich hätt e puer Stonne gedauert.
Den Zoo zu Arak gëllt mat enger Fläch vun 32 Hektar als ee vun de gréissten am Iran. 460 Déieren a 46 Aarte kann een hei besichen.