Vitale SpermaLeopard aus dem Stuttgarter Zoo soll no sengem Doud nach Nowuess produzéieren

RTL Lëtzebuerg
De Leopard Aman war no enger Liewerkriibserkrankung vun den Zoo-Veterinären erléist ginn.
© AFP

Et hätt een hien net wëllen onnéideg leide gesinn, ma bei der Obduktioun hätt een awer kënne ganz vital Spermie gewannen, déi elo fir spéider konservéiert.

Den Zoo hofft, dass eng Leopardin domat ka befrucht ginn. Leoparden an der fräier Natur si praktesch ausgestuerwen, heescht et weider. Ursprénglech hat den Zuchtprogramm vun den europäeschen Zooe gehofft, dass den Aman zu Liefzäiten genuch Nowuess produzéiere géif. Ma hien huet sech awer net mat all Leopard-Damm verstanen. Mam konservéierte Sperma géif dee Probelem ewechfalen.

Back to Top
CIM LOGO