Horege Wuelfill-ProgrammLëtzebuerger Betriber, an deene sech alles ëm d'Hausdéier dréit

RTL Lëtzebuerg
Hondscrèchen, Kazenhotel an Déierekiné – zu Lëtzebuerg ginn et vill Betriber, déi engem d’Liewe mat Hausdéier vereinfache kënnen.
VIDEO: Pet sitting / Rep. Liz Heintz (9.12.19)
Hondscrèchen, Kazenhotel an Déierekiné – zu Lëtzebuerg ginn et vill Betriber, déi engem d’Liewe mat Hausdéier vereinfache kënnen.

Mir hunn der e puer dovu besicht. Zanter 5 Joer gëtt et zu Waasserbëlleg d’Praxis “Hundephysio”. Hei kënnen Hënn, déi Problemer mat de Gelenker hunn, mat Physiotherapie an Osteopathie gehollef kréien. D’Nancy Hehl ass d’Proprietärin vun der Praxis. Virdrun huet si an engem Doktesch-Cabinet geschafft. Ma viru 7 Joer huet si decidéiert, d’Ausbildung fir d’Physiotherapie bei Hënn ze maachen, well si schonn ëmmer wosst, dass si nëmme glécklech ka ginn, wa si mat Hënn schafft. Well ee keng Virkenntnesser fir d’Ausbildung brauch, kann jidderee se maachen. Dowéinst ginn et mëttlerweil immens vill Therapiezentere fir Physiotherapie bei Déieren zu Lëtzebuerg. Et fënnt een der fir Hënn, Kazen a fir Päerd. Beim Choix, wou ee mat sengem Déier higeet, sollt een dowéinst ganz virsiichteg sinn. Et sollt ee sech informéieren, wéi eng Diplomer den Déieren-Osteopath huet an ob e reegelméisseg Weiderbildunge mécht.

En Hotel fir Kazen

Zu Schëtter fënnt een zanter 2011 den “Cat Hotel”, eng Kazepensioun. D’Iddi fir den Hotel koum dem Ulrike Völzer, iwwerdeems si fir hir eege Kazen eng Pensioun gesicht huet. Fonnt huet si deemools just vereenzelt privat Leit, déi um eegene Späicher oder am Keller op Kazen opgepasst hunn. Fir si war du kloer: si mécht e Kazenhotel op. A no e puer Renovatiounen um Haus konnt si sech mat hirem Mann, dem Daniel Siebenaller, deen 2015 mat an de Betrib koum, dësen Dram erfëllen.

Iert eng Kaz hei “anchecken” kann, kréien d’Besëtzer eng Visite Guidée an an engem Virgespréich gëtt beschwat, op wat ee bei dem jeeweilegen Hausdéier oppasse muss. Fir dass keng Kaze beienee kommen, déi sech net verdroen, ginn et verschidde Raim. Esou ginn et hei zum Beispill Raim fir schei Kazen, dominant Véierbeener, ganz jonker oder eben och fir Senioren.

Eng Crèche fir Hënn

D’Amandine Kipper bedreift zanter 2008 hire Betrib “Petsitting”, eng Hondscrèche. Wéi den Numm et schonns seet, war et ufanks just geduecht, fir ganz simpele Pet sitting ze maachen, also d’Hausdéiere bei de Leit doheem ze versuergen. Ma si huet sech awer viru 4 Joer entscheet, eng Hondscrèche opzemaachen, fir dass d’Muppe matenee spille kënnen a net eleng doheem sëtze mussen. Hir ass et wichteg, dass d’Muppen net an engem Zwinger sëtzen, mä fräi ronderëm lafen a sech austobe kënnen.

Moies kënnen d’Besëtzer hire Mupp heihi bréngen an owes erëm siche kommen. Ma ier et awer esou wäit ass, muss gekuckt ginn, ob den Hond iwwerhaapt hei era passt. Déi meescht Hënn kenne sech hei nämlech schonn.

Ob Physiotherapie, Kazenhotel oder Hondscrèche: Zu Lëtzebuerg ginn et e sëlleche Betriber, déi engem d’Liewe mat Hausdéier vereinfache kënnen. Esou, dass d’Déier en onbeschwéiert Liewen huet an eben einfach wonschlos glécklech ka sinn.

Back to Top
CIM LOGO