De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ass fir vill Leit eng kleng tropesch Oas an der Muselregioun. Tëscht Palmen, exotesche Planzen a faarwege Päiperleke gëtt et elo awer vum 1. Abrëll un eng nei Attraktioun ze gesinn: den Elefant virun der Entrée gëtt komplett nei gestalt.
Den Artist Änder Scholtes, bekannt ënnert dem Numm “It was not me”, ass aktuell dobäi, dem bekannte Symbol vum Gaart nei Faarwen an en neit Liewen ze ginn.
No méi wéi engem Joerzéngt war et Zäit fir eng grëndlech Erneierung. “No 13 Joer war eng Renovatioun vum Elefant noutwendeg”, erkläert d’Maud Hansen, Direktesch vum Päiperleksgaart.
De groussen Elefant, deen d’Visiteuren direkt virun der Entrée begréisst, ass iwwer d’Joren zu engem richtege Markenzeeche vum Gaart ginn. Wand, Reen a Sonn hunn awer hir Spueren hannerlooss, sou datt eng Restauratioun néideg gouf.
Éier nei Faarwen op d’Skulptur kommen, muss den Elefant als éischt virbereet ginn. Den Änder Scholtes huet dofir eng ganz Rei Schrëtt misse maachen.
“Ofschläifen, spachtelen – no 13 Joer war et néideg”, seet hien. Eréischt nodeems d’Uewerfläch komplett preparéiert ass, kann de Kënschtler ufänken, seng nei faarweg Gestaltung op d’Skulptur ze bréngen.
Fir den Änder Scholtes ass dëse Projet och e ganz perséinleche Moment, seng Leidenschaft fir Konscht huet nämlech ganz bescheiden ugefaangen. “Alles huet an der Garage vu menger Bomi ugefaangen”, erzielt den Artist.
Wat deemools mat einfache Mol-Versich ugefaangen huet, huet sech iwwer d’Joren zu enger richteger artistescher Karriär entwéckelt.
Mat der neier Gestaltung soll den Elefant och an Zukunft eng wichteg Roll spillen, dat als visuell Visittekaart, fir de Päiperleksgaart. Dat faarwegt Konschtwierk begréisst all Visiteur scho virun der Entrée a mécht direkt Loscht op eng Rees an déi tropesch Welt vum Gaart.
An dobanne waarden da schonn déi eigentlech Stären: Honnerte Päiperleken aus allen Ecker vun der Welt, déi fräi duerch d’Glashaus fléien.