RTL Reader's Choice Special Edition ExpoGastWien ass de beschte Kach hei zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Ob traditionell Lëtzebuerger Kichen, raffinéiert Gourmet-Platen oder kreativ Interpretatioune vu bekannte Klassiker – zu Lëtzebuerg gëtt mat vill Passioun, Talent a Kreativitéit gekacht. Hannert all guddem Plat stécht e Kach, deen net nëmme mat sengem Kënnen, mee och mat senger Léift fir gutt Produiten an aussergewéinlech Goûten iwwerzeegt.
© RTL-Grafik

Mä wien ass Ärer Meenung no de beschte Kach zu Lëtzebuerg? Wien zaubert Iech ëmmer nees e Laachen op d'Gesiicht? Wien iwwerrascht mat kreative Rezepter, aussergewéinleche Goûten oder einfach mat engem perfekt preparéierte Plat?

Fir dës spezial Editioun vum RTL Readers' Choice zesumme mat der ExpoGast siche mir de beschte Kach am Land! Egal ob am klenge Bistro, am traditionelle Restaurant oder an der héijer Gastronomie – elo sidd Dir gefrot!

Wien ass Äre perséinleche Favorit?

Verrot eis, wéi ee Kach Iech mat senge Kachkonschten am meeschte begeeschtert a schéckt eis Är Proposen eran!

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO