RTL Spezial25 Joer Grand-Duc Henri a Grande-Duchesse Maria Teresa
E Véierelsjoerhonnert un der Spëtzt vum Land: Impressiounen aus dem Liewe vun der groussherzoglecher Koppel. Den RTL Spezial vum Dënschdeg am Replay.
25 Joer Grand-Duc Henri a Grande-Duchesse Maria Teresa
E Véierelsjoerhonnert un der Spëtzt vum Land: Impressiounen aus dem Liewe vun der groussherzoglecher Koppel. Vum Monique Kater.
De Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa ginn am Oktober an d’Pensioun. 25 Joer war den 1. Fils vum Grand-Duc Jean Staatschef vu Lëtzebuerg. 25 Joer, déi eng Moderniséierung vum Land begleet hunn. E Véierelsjoerhonnert, dat awer och gezeechent war vun Trauer, mee gradesou vum “No-vir-Kucken”, fir d’Monarchie prett ze maache fir d’Joerzéngte vu muer.
D’Monique Kater huet e klenge Resumé vun de 25 Joer Règne vum Grand-Duc zesummegeschnidden. Den RTL Spezial vum Dënschdeg den Owend (nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg) fannt Dir natierlech och hei op RTL.lu an op RTL PLAY.
NATIONALFEIERDAG 2025: Eisen Dossier mat News, Videoen a ville flotte Fotogalerien.
Offizielle Film “Histoire d’un règne”
Op der ziviller Zeremonie vum Nationalfeierdag e Méindeg de Moien an der Philharmonie gouf och e Film iwwer déi 25 Joer Règne vum Grand-Duc Henri gewisen. De Film vun Feelingside Productions fannt Dir och op RTL PLAY an och heidrënner (am Original an och eemol mat franséischen an eemol mat engleschen Ënnertitelen).
Film 25 Joer Règne vum Grand-Duc Henri
Dee Film, deen op der offizieller Zeremonie fir Nationalfeierdag 2025 an der Philharmonie gewise gouf. © Feelingside Productions
Histoire d'un règne : 25 ans au service du Luxembourg
25 ans Grand-Duc Henri, version française du film officiel – © Feelingside Productions
The Story of a Reign: 25 Years of Service to Luxembourg
25 Years Henri, Grand Duke of Luxembourg – © Feelingside Productions
RTL-NEWS: Film 25 Joer Règne – Erënnerungen, Emotiounen, Mercien – elo am Replay.
Den Nationalfeierdag 2025 am Replay
Feierlech Zeremonie fir Nationalfeierdag an der Philharmonie
De kompletten Event kënnt Dir Iech hei nach emol ukucken.
RTL-NEWS: Grand-Duc Henri: “Bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen”.
D'Parad op Nationalfeierdag 2025
Bei guddem Wieder war an der Neier Avenue op der Gare déi traditionell Militärparad.
RTL-NEWS: Vill flott Andréck: Arméi- an zivil Gefierer an der Neier Avenue.
Den Te Deum fir Nationalfeierdag an der Kathedral
Kuckt hei nach emol déi ganz Zeremonie aus der Kathedral.
RTL-NEWS: Te Deum am Replay a mat Fotoen: “Symbolkraaft op déi beschtméiglech Aart a Weis ausgenotzt”.
Den Nationalfeierdag 2025 am Resumé
Emotiounen, Iwwerraschungen a vill Houfert op Nationalfeierdag
Et war e volle Programm op Nationalfeierdag an dëst Joer stoung alles am Zeeche vu 25 Joer Grand-Duc Henri.
De Resumé vun der Zeremonie an der Philharmonie op Nationalfeierdag
D’Mariette Zenners huet fir Iech déi bescht Momenter erausgesicht.
De Resumé vun der Zivil- a Militärparad op Nationalfeierdag
Den Eric Steichen huet fir Iech déi bescht Momenter erausgesicht.
De Resumé vum Te Deum an der Kathedral
Den Te Deum 2025 am Iwwerbléck.