Déi drëtt Saison vun Take Off huet dëse Freideg ugefaangen.
D’Aventure vun der Science Challenge Show geet weider. Take Off kënnt vun elo un ëmmer scho freides um 19 Auer. Op RTL Tëlee , RTL Play an takeoffshow.lu.
Op der Tëlee gëtt d’Sendung dann nach emol sonndes moies um 11 Auer rediffuséiert.
“Ech freeë mech wierklech, awer gläichzäiteg sinn ech och gestresst”, seet de Rares Marinescu, ee vu 25 Kandidaten, déi et duerch de Casting gepackt hunn a sech elo am éischten Episod beweise mussen. “Natierlech ass jiddereen opgereegt, mee ech sinn awer confiante, dass ech dat packe kann”. Och d’Liz Calmes wëll eng Plaz ënnert de beschten 12 Kandidaten. Sech also fir d’Studio-Episode qualifizéieren.
Dëst Joer goufen d’Spillreegele liicht geännert. D’Kandidate mussen net alleguer dräi Challengë maachen. Puer vun hinne kënne sech direkt am éischten Challenge hir Plaz an der Show sécheren. Fir déi véier lescht am Klassement ass d’Aventure duerfir direkt nom éischten Challenge eriwwer. Fir d’Take Off-Coach Lucie Zeches gëtt d’Sendung doduerch nach méi spannend: “Dat Schwieregst bei deem neie Spillmodus fir d’Kandidaten ass einfach, dass et fir si zu all Moment kann aus sinn.”
Gefilmt gouf Ufank Juli d’lescht Joer um Site vum Schifermusée zu Maartel. Et war dee wäermsten Dag vum Joer. En Challenge och fir d’Produktioun. Eng Produktioun, déi Méint am Viraus geplangt gëtt. An och wann dem Produzent Yann Figuet säin Team vun der éischter Staffel un dobäi ass, ass besonnesch déi éischt Episod ëmmer eng Erausfuerderung: “All iconic Plaz, déi mir hei zu Lëtzebuerg fannen, ass ëmmer en Challenge. D’Plaz ass riseg, mir hu verschidde Setten, wou déi verschidden Challenge passéieren. Ech hunn net gemooss wéi vill Kabele mir hunn, mee mir hu puer Dausend Meter Kabel missen zéien.”
Take Off ass eng gemeinsam Initiative vun der André Losch-Fondatioun an Zesummenaarbecht mam Luxembourg National Research Fund. Op de Gewënner waart e Präisgeld vun 10.000 Euro. Bis dohi mussen d’Kandidaten iwwer 30 wëssenschaftlech Challengë léisen. An och an dëse Studio-Episoden, wou d’Kandidaten am Ufank an Ekippe spillen, versprécht de Joseph Rodesch fir déi nei Saison puer Iwwerraschungen: “Ech mengen, bei esou enger Show do kommen ëmmer nei Twisten dran, et kann een op jiddefalls gespaant sinn”. Méi wollt de Joseph nach net verroden.
Take Off kënnt vun elo un ëmmer scho freides em 19 Auer. Op RTL Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. Op der Tëlee gëtt d’Sendung dann nach emol sonndes moies um 11 Auer rediffuséiert. An déi éischt Episod e Freideg kënnt ausnamsweis schonn um 18h45. Do gëtt een da gewuer, fir wéi fir wéi eng 12 Jonker d’Aventure Take Off nom éischten Episod vun der neier Saison weidergeet.