Fir schwéier krank KannerAir New Zealand huet e ganz speziellen Tour mat 50 Kanner gemaach

RTL Lëtzebuerg
De Kapitän vun der Air New Zealand 787 ass mat de Kanner iwwert d'Insel geflunn an huet dobäi e Kiwi, den Nationalvillche vun Neiséiland, gezeechent.
© Google Maps

U Bord vun der Maschinn ware 50 schwéier- respektiv doudkrank Kanner, wéi och Kanner mat Behënnerungen. Dat Ganzt war am Kader vun der Initiative “Flight of their Life” vun der Organisatioun Koru Care, vun där Air New Zealand zanter Joren Partner ass.

Schonn 2017 gouf et eng änlech Aktioun. Deemools hat de Pilot en Häerz an den Himmel gemoolt.

© Flight Radar

Back to Top
CIM LOGO