Verléift, verloobt, verréckeltAussergewéinlech Hochzäiten an Zäite vum Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
A gudden esou wéi a schlechten Zäite fir de Partner do sinn: dëst hu vill Koppele wärend der Corona-Kris missen ënner Beweis stellen.

U sech sollt et de schéinsten Dag am Liewe sinn: eng grouss Feier mat Frënn a Famill, gutt Iessen a Gedrénks an net ze vergiessen: där Persoun d’Jo-Wuert ginn, mat där een de Rescht vu sengem Liewe verbrénge wëll. Dass net eng jalous Ex-Frëndin oder kal Féiss, mä e Virus ville Koppelen e Stréch duerch d’Rechnung mécht, domat hätte wuel déi wéinegst gerechent.

Esou zum Beispill eng Koppel aus Niedersachsen, déi sech am Drive-in vun engem Fastfood-Restaurant en deftegen, wann och aussergewéinlechen Hochzäitsmenü gegënnt huet. Ganz op Luxus hu si awer net misse verzichten: chaufféiert goufe si an enger Limousine.

Ganz a Moud an Zäite vum Social distancing ass et, d’Feierlechkeet online ze streamen. Net just zu Las Vegas (wéi een et aus de Filmer kennt), mä weltwäit kënne Leit aus dem Bekannten- a Familljekrees d’Event live mat verfollegen.

Virdeeler dovun: knéckeg Gäscht brauche sech keen neit Outfit ze kafen, verbattert Persoune musse sech net déi kitscheg Hochzäitsverspriechen ulauschteren an et dierf ee scho wärend der Zeremonie e Pättchen drénken... oder zwee.

Apropos Moud: fir sech a säi Liewenspartner ze schützen, dierf een Accessoire um Hochzäitsdag net feelen: de Mondschutz! Ob wäiss wéi de Brautrack oder rout wéi Léift... d’Auswiel ass grouss, fir d’Otemmask gekonnt an Zeen ze setzen.

Sinn Hochzäiten zu Lëtzebuerg a Corona-Zäite méiglech?

Bis den 31. Juli goufe gréisser Manifestatiounen am Grand-Duché verbueden, also och gréisser Hochzäiten. Wien d’Pandemie awer net wëll ofwaarden, fir sech d’Jo-Wuert ze ginn, dee kann an engem klenge Krees feieren. An engem Schreiwes vum Ministère gouf preziséiert, dass bis zu 20 Persounen erlaabt sinn, wann ee de Sécherheetsofstand vun 2 Meter stänneg anhält.

Ausschnëtt aus dem Communiqué:

Les rassemblements resteront interdits jusqu’au 31 juillet, à l’exception des obsèques et mariages civils qui seront autorisés pour un nombre maximal de 20 personnes et à condition de respecter une distance interpersonnelle de 2 mètres. Les interdictions inscrites à l’article 2 du règlement grand-ducal modifié du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19 seront maintenues.

De ganze Schreiwes fannt Dir hei am Artikel.

Back to Top
CIM LOGO