Wall Street JournalBill Gates soll wéinst Affär aus Microsoft-Verwaltungsrot geflu sinn

RTL Lëtzebuerg
De Grënner vu Microsoft soll schonn am Joer 2000 versicht hunn, eng intim Affär mat enger Mataarbechterin unzefänken.
© Money SHARMA / AFP

Wéi de Wall Street Journal schreift, hätten d’Membere vum Verwaltungsrot decidéiert, am Kader vun enger Enquête géint de Gates, dass dësen de Verwaltungsrot misst verloossen. Ufank Mee hat hie jo no 27 Joer Bestietnis mat senger Fra Melinda d’Scheedung annoncéiert. Am Mäerz 2020 war hien aus dem Verwaltungsrot erausgaangen.

Deemools hat hien als Grond uginn, méi Zäit wëlle fir seng Bill and Melinda Gates Foundation hunn, dëst ass jo déi gréisste karitativ Privatstëfung op der Welt.

D’Mataarbechterin, mat där de Gates eng Affär hat, huet gemellt, dass si viru ronn 20 Joer iwwer Joren eng sexuell Bezéiung mam Multimilliardär hat an dass dës Affär frëndschaftlech op en Enn gaangen ass.

Ma Berichter no sollen et awer och eventuell Kontakter mam Jeffrey Epstein ginn, deen sech jo am Joer 2019 am Prisong d’Liewe geholl huet.

Back to Top
CIM LOGO