
Op d’mannst 134 Leit, haaptsächlech Kanner, goufe wéinst Salmonellen a Kinder-Schockela krank. Och zu Lëtzebuerg gouf et ee Fall. Wéinst Salmonellen, déi Liewensmëttelvergëftungen ausléise kënnen, sinn ënnert anerem Iwwerraschungseeër, Schoko-Bons a Mini-Eggs zeréckgeruff ginn. Virun allem ware Chargë vu “Kinder"-Produite betraff, déi am Wierk zu Arel produzéiert goufen. Et gouf och scho bekannt, dass dat Wierk zougemaach gëtt.
Vill Consommateure sinn zanterhier veronséchert, wat Biller beleeën, déi elo op de soziale Reseauen opdauchen. Dës Biller betreffen déi ganz beléift Noss-Nougat-Crème Nutella. D’Suerg, dass nach aner Produite vum Hiersteller betraff kënne sinn, ass jo och net ganz onberechtegt.
Ëmmer méi Leit posten op de soziale Reseaue Fotoe, op deene frësch opgemaache Glieser Nutella mat wäisse Blosen drop ze gesi sinn. Op d’Fro, woubäi et sech do kéint handelen, koumen och Spekulatiounen, et kéint sech jo eventuell ëm Salmonellen handelen.
Ferrero huet sech awer schonn zu Wuert gemellt an erkläert, et géif sech hei net ëm iergendwellech Krankheetserreeger handelen:
“Mir wëllen eis Consommateure berouegen, dass dës Spueren net mat ‘Salmonellen- Kolonien’ a Verbindung stinn, et handelt sech villméi ëm eng Verännerung vun der Konsistenz vum Produit, déi jee no Lagerung optrëtt. Dës verännert weder d’Qualitéit nach de Goût vum Produit.”
Schockela zeréckgeruff: 150 Fäll vu Salmonellen duerch Kinder-Produiten an der EU
Salmonellen am Schockela: Weider Produiten zeréckgeruff, Produktiounswierk zu Arel gëtt zougemaach