Salmonellen a Kinder-ProduitenWeider Produiten zeréckgeruff, Produktiounswierk zu Arel gëtt zougemaach

RTL Lëtzebuerg
An de leschten Deeg ware schonn eng sëllege Kinder-Produiten zeréckgeruff ginn, dorënner och zu Lëtzebuerg.
© dpa/AFP/File/Ole SPATA

Méi schlecht kann eng Meldung fir e Séissegkeete-Produzent net falen. Kuerz virun Ouschteren gëtt bekannt, datt op d’mannst 134 Leit, haaptsächlech Kanner, wéinst Salmonellen a Kinder-Schockela krank goufen. Och zu Lëtzebuerg gouf et ee Fall. Wéinst Salmonellen, déi Liewensmëttelvergëftungen ausléise kënnen, sinn ënnert anerem Iwwerraschungseeër, Schoko-Bons a Mini-Eggs, déi an der Belsch produzéiert goufen, zeréckgeruff ginn.

Belsch maache Ferrero-Wierk zu Arel zou / Claude Zeimetz

Wéi et en Donneschdeg aus dem Sëtz vu Ferrero France zu Lëtzebuerg geheescht huet, wiere schonn de 15. Dezember 2021 no enger Kontroll Salmonellen am Wierk am belschen Arel bekannt gewiescht. Déi betraffe Chargë wieren deemools blockéiert ginn. Eng europäesch Enquête gouf antëscht lancéiert.

Wéi et e Freideg vun der belscher Liewensmëttelsécherheetsagence AFSCA heescht, gëtt Ferrero elo d’Produktiounsautorisatioun fir d’Fabrick zu Arel entzunn: “No Investigatiounen vun der AFSCA an nom Constat an de vergaangene Stonnen, datt d’Informationen vu Ferrero net komplett waren, zitt d’Agence d’Autorisatioun vun der Produktiounsunitéit vu Ferrero zu Arel zeréck.”

All Kinder-Produkter, déi um Site vu Ferrero Arlon produzéiert gi sinn, ginn iwwerdeems zeréckgeruff, esou déi belsch Liewensmëttelsécherheet. Dëst géif onofhängeg vun der Lot-Nummer oder dem Halbarkeetsdatum gëllen.

De Partick Hau vun der Liewensmëttelsécherheet zu Lëtzebuerg sot e Freideg am Nomëtteg am RTL-Interview, et géif een d’Entwécklungen an der Belsch genee suivéieren. No der Fermeture vum belsche Wierk géifen och zu Lëtzebuerg nach emol eng Rei Produiten aus de Regaler geholl ginn.

Fir ee kompletten Iwwerbléck vun de betraffene Produiten misst een awer fir d’éischt nach eng Rei Informatiounen vun der belscher Agence ofwaarden. D’Nummeren vun de concernéierte Loten dierf ee geschwënn am Detail um Internetsite vun der Sécurité alimentaire fannen.

Zu Lëtzebuerg bleift et einstweile bei engem confirméierte Salmonellebefall, wéi eis de Patrick Hau vum Commissariat alimentaire am RTL-Interview erkläert huet. Ferrero selwer hat am Laf vum der Woch matgedeelt, datt d’Salmonelle wuel op eng Veronrengegung mat engem Filter an engem Bottertank zu Arel zeréckzeféiere wieren, deen doropshin ausgetosch gouf. D’Entreprise huet e Freideg intern Feeler zouginn a sech entschëllegt.

Leit, déi de viséierte Schockela bei sech doheem hunn, sinn natierlech gebieden, de Produit net méi ze consomméieren. D’Clienten kënnen de Schockela och ouni Keesenticket dohinner zréckbréngen, wou si e kaf hunn, fir rembourséiert ze ginn. Wéi vill verdächteg Produiten nach an de Rayone sinn, wier ganz schwéier anzeschätzen, sou de Patrick Hau.

Och Chrëschdagsproduite betraff, Réckriff an den USA an Australien

Wéinst engem Verdacht op Salmonelle waren zu Lëtzebuerg an an Däitschland an de leschten Deeg nach emol eng Rei Produkter zeréckgeruff ginn, dës Kéier huet et och Chrëschtdagsschockela betraff. Zu Lëtzebuerg ass et den “Kinder Mix Advent Calendar” (127 Gramm). An Däitschland soll een d’Iwwerraschungseeër “Maxi Classic Ei Weihnachten” a “Maxi Rosa Ei Weihnachten” deemno net iessen, genee wéi de “Mix Stiefel”, d’"Mix Geschenktüte”, de “Maxi Mix Plüsch” an den “Mix Tisch-Adventskalender”. Et geet hei ëm d’Produite mam Halbarkeetsdatum vum 20.04.2022.

De Réckruff vun de Ferrero-Produite beschränkt sech iwwerdeems och net nëmme méi op Europa. Och an den USA huet Ferrero e Freideg fräiwëlleg Séissegkeeten zeréckgeruff. Betraff sinn d’Produkter “Happy Moments Chocolate Assortment” und “Mix Chocolate Treats Basket”, déi och vu Salmonelle befall kéinte sinn an an der nämmlechter belscher Fabrick gemaach gi sinn. Bis ewell ginn et an den USA awer nach keng nogewise Krankheetsfäll. Och an Australien goufe mëttlerweil Produiten zeréckgeruff.

D’Lëscht mat de Produiten, déi zu Lëtzebuerg betraff sinn, fannt Dir hei mat allen Donnéeën um Site vun der Sécurité Alimentaire.

Back to Top
CIM LOGO