
De beléifte Park, an deem ronn 17.000 Leit schaffen, war tëscht dem 13. Mäerz an dem 15. Juli 2020 zou a war dunn kuerz op, iert en nees den 30. Oktober seng Diere misst zoumaachen, dat bis haut. Zweemol war scho geplangt fir de Park nees fir de Public opzemaachen, ma zweemol huet de Verlaf vun der Pandemie dëse Pläng awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
An sech sollt Disneyland Paräis am Februar nees opgoen, wat awer dunn op den 2. Abrëll verréckelt gouf, en Datum, dee wéi mer haut wëssen, och net konnt agehale ginn.
Ma elo huet de Park awer an engem offizielle Statement annoncéiert, dass een de Park de 17. Juni dann elo definitiv wäert opmaachen, dat natierlech ënnert méi strenge Sécherheetsmesure, wéi soss.
Leschte Mount huet de Site d’Massenimpfunge mat ënnerstëtzt, dat well Frankräich massiv beim der Campagne ugezunn huet.
E Méindeg huet de Fräizäitpark matgedeelt, dass Visiteuren iwwer 6 Joer eng Mask droe mussen, dass d’Zuel u Leit limitéiert wier an dass ee seng Ticketen am viraus reservéiere muss.
Deemno wéi d’Covid-Mesuren am Juni sinn, kéinte verschidden Attraktioune modifizéiert, respektiv komplett zou gemaach ginn. D’Situatioun, esou de Park, wäert wuel réischt am Joer 2022 sou ginn, wéi viru Covid.
Den Disney-Grupp huet wéinst der Covid-19-Pandemie ronn 32.000 Aarbechtsplaze weltwäit misse sträichen, déi meescht dovunner an den USA.
Am Joer 2015 hat Disneyland Paräis bal 15 Millioune Visiteuren, zënter deem goufe keng Zuele méi matgedeelt.