Elo lues a lues geet et erëm lass mat ëffentlechen Spektakelen, esou kann een dann och nees an den Zirkus goen, den Cirque Européen war elo zu Mamer ënnerwee, ier et dann a Frankräich weider geet.
Et war keng einfach Zäit fir d’Laure Roux, d’Mamm, déi mat hiren zwee Bouwen elo den Zirkus weiderféiert. U sech ass alles beieneen komm, de Virus an e Stierffall an der Famill. De Papp ass elo net méi mat dobäi an awer hu si d’Decisioun getraff, fir zu Véier weiderzemaachen.
E Familljebetrib an der 3. Generatioun, wou et elo méi wéi ee Joer roueg war mat den Optrëtter, fir net ze soen, ganz eriwwer war. Elo soll et awer weidergoen.
An engem Zirkus, deen nëmmen aus véier Leit besteet, huet jidderee méi ewéi eng Roll: Multi Tasking ass hei ugesot. Esou begréisst d’Laure d’Spectateuren a bekëmmert sech niewelaanscht ëm d’Animatioun, ëm d’Mise en place an nach villes méi .
Finanziell sinn d’Reserven opgebraucht an awer gëtt d’Famill et net op, hiert d’Liewe war souzesoen an der Lescht op der Kopp. Fir een, dee gewinnt ass, sech non-stop vun Duerf zu Duerf ze beweegen, war et eng haart Zäit wann een “à l’arrêt “ass.
Eng Famill, esou ewéi viller, déi ëm d’Iwwerliewe kämpft. An esou liewe se sech lues awer sécher nees an. Et muss awer nach eng Kéier betount ginn, dass den Ament eng Zäit ass, wou keen et esou richteg einfach wäert hunn. An, dass ee mam Ofwaarden, villäicht iergendwa weess, ewéi et dann elo definitiv an nächster Zukunft weidergeet.