
Op Bretzelssonndeg, och Sonndeg vun Halleffaaschte genannt, schenkt de Mann senger Auserwielten eng Bretzel. Als Merci revanchéiert d’Fra sech op Ouschtere bei him a schenkt hirem Partner e Schockelasee.
E Brauch, deen och um Haff zelebréiert gëtt. D’Cour Grand-Ducale huet an deem Sënn nei Fotoe vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Stéphanie an dem Charles publizéiert.
Haut ass Bretzelsonndeg. Zanter 2-3 Wochen erënneren grouss Supermarchéen a Bäckereien schonn drun haut eng Bretzel ze kafen. Dëst Joer war et un de Männer hiren Dammen eng ze schenken. Mee wisou verschenke mir iwwerhaapt Bretzelen an wou kënnt d’Bretzel hier?
Op mat Pralinée gefëllt, mat Mandelen iwwerzunn oder just gezockert. An dëser Bäckerei um Cents si vill Bretzelen iwwert de Comptoir gaang. Ma wärend déi eng ganz genee Bescheed wossten, wisou een haut eng Bretzel verschenkt, war et fir déi aner einfach Traditioun. “Dat ass sou e Gebrauch an dann gëtt deen eben agehalen, et soll een en jo anhalen mee soss kann ech Iech net vill soen vun dem Bretzelsonndeg.
“Majo dat eent Joer ginn d’Männer se kafen, dat anert ginn d’Damme se kafen an da fir Ouschteren ginn et dann d’Ouschtereeër vum Mann oder un der Fra.
“Normalerweis muss d’ Bretzel geschenkt ginn an dann schenkt effektiv d’Fra en Ouschteree. Mee wann een keng schenkt, da kritt der de Kuerf, da kritt der den eidele Kuerf an dat ass d’Traditioun vun der Bretzel.”
“Bretzelsonden ass eng schéin Traditioun an ech sinn frou dass d’Leit dat nach ëmmer maachen.”
Ma wat hautdesdaags fir vill Léit einfach just nach e léiwe Geste ass, war fréier den Ufank vun enger romantescher Bezéiung.
Alain ATTEN, Folklorist:
“Datt et esou war, dass de Jong ugefaangen huet, dem Meedchen e Cadeau ze maachen, d’Meedchen d’Ouschtereeër zeréck ginn. Dat geet duerch d’ganzt Joer duerch eigentlech. Ech ginn iech den ale Sproch: Keng Bretzel keng Oueschtereeër, keng Ouschtereeër kee Fliedchen, kee Fliedchen kee Päischtkränzchen, kee Päischtkränzchen kee Kiermesdänzchen.”
Gëtt déi Ketten ënnerbrach, ass d’romantesch Relatioun eriwwer. D’Schaltjoren leeft dat ganzt dann ëmgekéiert an d’Fra fänkt mam Verschenken vun der Bretzel un.
Ma net nëmmen dës Traditioun, mee och d’ Bretzel gëtt et zanter laangem.
“Mir sinn am Bild, dass zanter dem 5. Joerhonnert no Christus ass dat eng Klouschter- Traditioun gewiescht, déi Gebäker nëmmen do gebak ginn an zwar nëmmen an der Faaschtenzäit.”
Ursprénglech hat d’Bretzel eng aner Form an huet ausgesinn, wéi Leit, déi sech emaarmen. Op Laténgesch heescht den Aarm Brachium. Dorauser ass da mat der Zäit dat Wuert Bretzel entstanen.
Ma egal op einfach als klenge Geste oder fir d’Traditioun ze respektéieren. Et schéngt wéi wann haut vill Leit sech iwwert eng Bretzel freeë konnten.