LIVE! Planet People vum 29. MeeMam Ricco Martini, Louis Scherer an Dr. Tiago Felix Fernandes

Patrick Greis
Et geet ëm d'Wimmelbuch Lëtzebuerg, d'Formatioun fir Ski-Moniteur an e spezielle Retreat an Indonesien.
Live! Planet People vum 29. Mee 2026
Invitéen haut: Ricco Martini, Louis Scherer an Dr. Tiago Felix Fernandes

Den Dr. Tiago Felix Fernandes war op engem Retreat an Indonesien, dat hie weiderbruecht huet. Hien ass zu Seia a Portgual gebuer a mat véier Joer koum hie mat sengen Elteren op Lëtzebuerg. Scho ganz fréi wousst hien, dass Dokter senges wier an elo huet hie sech op Dermatologie a Venerologie spezialiséiert.

Hie wollt awer och ni stoe bleiwen an huet kee Problem, fir aus senger Confortzon erauszekommen. Eng Woch war hien elo mat anere Jonken zesummen, fir sech selwer mat Hëllef vum 'Full Circle Club' bei Aktivitéite besser kennen a verstoen ze léieren.

© Tiago Felix Fernandes

De Louis Scherer ass staatlech unerkannte Ski-Moniteur a kennt sech aus op de Pisten. Hien hëlt dat ganz eescht an huet déi héchst offiziell Formatioun matgemaach, déi et am alpine Skiunterrecht gëtt.

Dat geet vun der Technik iwwer d'Methodik, d'Theorie an d'Konditioun, awer och Riseslalom, Off-Pisten an Terrain sinn heibäi en Thema. Et geet ëm Sécherheet a verstoe léieren, wéi Lawinen entstinn a wat se uriichte kënnen.

Mat sengem Diplom kann hien a ville Länner schaffen a ka gutt Sue verdéngen.

© Louis Scherer

De Ricco Martini huet mam 'Wimmelbuch Lëtzebuerg' senger Heemecht en Denkmal gesat. Hien ass hei am Land gebuer an opgewuess, a fir säin Horizont méi grouss ze maachen, huet hie Graphic-Design op der University of the Arts zu London gemaach, ier hie sech zu Barcelona un d'Molerei ginn huet.

Dat war awer net dat, wat hie wollt a well hien ëmmer gäre Comicke gelies huet, huet hie sech entscheet, fir d'Molen an d'Erzielen ze verbannen. Op 18 Säiten kann ee mam 'Wimmelbuch Luxembourg/Lëtzebuerg/Luxembourg' elo de Grand-Duché nei entdecken.

© Ricco Martini

Back to Top
CIM LOGO