55 vu 450 Exemplare si vum Nacho an TrixieFläisseg Papageie-Koppel dréit zum Erhalt vu senger Aart an Neuseeland bäi

AFP, iwwersat vun RTL
Schonn zwee Mol gouf d'Papageienaart Kakariki Karaka fir ausgestuerwen erkläert. D'Koppel Nacho an Trixie schaffe fläisseg dorun, dat nach emol ze verhënneren.
Ein besonders fortpflanzungsfreudiges Papageien-Pärchen in Neuseeland trägt eifrig zum Erhalt seiner bedrohten Art bei und ist allein für mehr als ein Zehntel der derzeit lebenden Population verantwortlich.
Iwwer een Zéngtel vun de "Kakariki Karaka"-Exemplare si vum Nacho an dem Trixie.
© The Isaac Conservation and Wildlife Trust/AFP

Eng besonnesch fortplanzungsfreedeg Papageie-Koppel an Neuseeland dréit äifreg zum Erhalt vu senger menacéierter Aart bäi an ass eleng fir méi wéi en Zéngtel vun der aktueller Populatioun responsabel. D'Männchen Nacho an d'Papageiendamm Trixie gehéieren zu der Papageienaart Kakariki Karaka an Neuseeland, déi akut menacéiert ass a schonn zwee Mol fir ausgestuerwen erkläert gouf, bis weider lieweg Exemplaren entdeckt goufen.

Aktuell ginn et ronn 450 Exemplare vun de grénge Perruchen, déi meescht a Schutzgebidder oder op ofgeleeënen Inselen. Ma d'Aart kann op den Nacho an d'Trixie zielen: D'Koppel huet schonn iwwer 55 Jippelcher d'Liewe geschenkt, dovun eleng 33 dëst Joer. Dat mellt d'Organisatioun Isaac Conservation and Wildlife Trust zu Christchurch mat.

"Eigentlech ass d'Bréisaison fäerdeg, ma si leet weider Eeër an zitt Jippelcher op", wéi den Expert Leigh Percasky d'Vehale vun der "Super-Mamm"-Trixie bezeechent. "Eigentlech wier et eis léiwer, wa si ophält a sech ausrout, mä dat schéngt si net virzehunn - aktuell huet si nees siwe Jongdéieren." Ma och fir den Nacho huet den Expert Luef: "Hie muss Narung fir d'Trixie a fir d'Jippelcher sichen, dat ass extreem erausfuerderend".

Koppele wéi d'Trixie an den Nacho schützen déi seelen Aart virum Ausstierwen, wéi de Responsabele fir de Programm zum Schutz vun de Kakariki Karaka beim neuseelänneschen Ëmweltministère, de Wayne Beggs, betount. D'Ziichte vun Déieren a Gefaangenschaft wéi am Fall vum Trixie an dem Nacho wier onverzichtbar, "well déi am Wëlle liewend Populatiounen immens ufälleg fir Friessfeinde sinn". Dowéinst missten Déieren a Gefaangenschaft "als Reserv" gehale ginn.

Den Expert Percasky wënscht sech elo awer emol fir d'éischt eng Paus fir den Nacho an d'Trixie bis zu der nächster Bréisaison: "Ech weess net, wou si déi ganz Energie hierhuelen."

Back to Top
CIM LOGO